Den 10. Dezember hu Lycéesvertrieder aus iwwert 30 Lycéeën de néie Bureau Exécutif vun der CNEL gewielt.
D’CNEL gratuléiert dem Luca Roettgers, Schüler aus dem LESC, fir säi Posten als neie President vun der CNEL, hien a léist domat den Dany Semedo of. Mat him am Bureau sinn den Dan Ipatii (LGL) an de Semir Honsci (ALR) als Vizepresidenten, de Liam Ferron (EPF) an d’Juliette Himme (EIDE) als Sekretären. Si ginn heibäi tatkräfteg vu weidere Memberen a Premièresschüler ënnerstëtzt.
Mir freeën eis op zwee spannend Joer mat hinnen!
Dem ale Bureau soe mir villmools Merci fir hir super an erfollegräich Aarbecht vun deene leschten 2 Joer, d’CNEL wäert iech vermëssen a mir wënschen iech alles Guddes op ärem weidere Wee!
D’CNEL kann elo an hiert néit Mandat starten!
- Président : Luca Roettgers (Lycée Edward Steichen Clervaux)
- Vice-Président : Dan Ipatii (Lycée de Garçons Luxembourg)
- Vice-Président : Semir Honsic (Atert Lycée Rédange)
- Secrétaire : Juliette Himmen (École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette)
- Secrétaire : Liam Ferron (École Privée Fieldgen)
- Coopté Premier : Leslie Bodé (Lycée des Arts et Métiers)
- Coopté Premier : Timothy O’Brien (Lycée des Arts et Métiers)
- Membre Bureau : Afonso Sebastião Oliveira (Lycée Technique Bonnevoie)
- Membre Bureau : Youri Weber (Lycée Edward Steichen Clervaux)
- Membre Bureau : Yann Marques Vieira (Lycée de Garçons Esch-sur-Alzette)
Mir wënschen dem néie Bureau vill Freed an Erfolleg an hiren néie Missiounen!
Dir wëllt si gäre kontaktéieren? Schéckt eng Mail op info@cnel.lu