+352406090333 info@cnel.lu

Wale Schülercomité

📩 Laut gesetzlecher Basis vum Schülercomité sollen all 2 Joer Walen an de jeeweileg Lycée’en stattfannen. Direktioun ass verantwortlech fir dës Walen ze organiséieren an all Schüler soll un dëse Walen mat hirem Vott deelhuelen. All Schüler aus dem Lycée däerf sech och fir de Schülercomité mellen, hie muss just seng Kandidatur eraginn. All Kandidat soll Méiglechkeet kréien sech selwer a säin Walprogramm der gesamter Schülerschaft virstellen ze kennen, falls hien dat wëllt. De Schülercomité soll tëschent 7 an 13 Memberen hunn.

 

 

De Schülercomité ass eng flott Plattform fir eppes a senger Schoul ze veränneren oder vläicht ze verbesseren a sech fir Interessen vu sengen Matschüler anzesetzen, mä et ass awer och eng flott Platz fir nei Leit kennen ze léieren a gläichzäiteg eppes fir är Zukunft ze léieren!

 

Verpasst also net dës Geleeënheet a mellt iech bei de nächsten Walen, be the hero of your own school! 💪

 

No de Wale soll de Comité…
  • hier jeeweileg Funktiounen innerhalb vum Comité selwer besetzen, wéi och seng Vetrieder an de verschidde schoulesche Gremien a seng Vertrieder an der Nationaler Schülerkonferenz, d’CNEL
  • sech Zäit huelen, fir sech am Comité besser kennenzeléieren fir en motivéiert Team ze ginn
  • sech mat sengen neie Memberen der Ëffentlechkeet virstellen. Et ass wichteg dat d’Schüler alleguerte wëssen, WIEN an de Comité gewielt ginn ass a WÉI een si erreeche kann (Email vum Comité, Bréifkëscht, Raum vum SC, …etc )
  • gemeinsam en eegene Joresplang, mat hiren zukünftege Projeten an Iddien, erstellen, an awer och eng Strategie fir de Schülercomité a seng Aarbecht an der Ëffentlechkeet ze presentéieren

 

📣 Net vergiessen!

Falls dir Ënnerstëtzung braucht, zéckt net ëm Hëllef ze froen! An de mëschte Lycée’en sinn eng oder méi Persounen designéiert (Begleeder), fir de Schülercomité ze ënnerstëtze falls hien dono freet. Dat Selwecht gëllt wann dir kleng Formatioune fir de Schülercomité braucht wéi z.b.: Wéi leed een eng Sëtzung? Wéi kann een den Equippegeescht vum Comité stäerken? Oder wéi organiséiert een eng Aktivitéit? An esou engem Fall kennt dier ëmmer zesumme mat ärer Direktioun an äre Begleeder kucke wat méiglech ass.

Ausserdeem kennt dir iech ëmmer un d’CNEL wennen an d’CNEL organiséiert och all Joers hir  “Journées des comités d’élèves” fir dass Schülercomitéen sech regional kennen austauschen an fir hinnen wichteg Wëssen mat op de Wee ze ginn.