+352406090333 info@cnel.lu

De Schülercomité

De Schülercomité ass d’Stëmm vun de Schüler a sengem Lycée a gëtt och all zwee Joer vun de Schüler selwer gewielt. De Schülercomité setzt sech an fir d’Interessen, Problemer a Wënsch vun hire Matschüler a duerch seng Presenz a verschidde schoulesche Gremien an duerch den direkte Kontakt mat der Administratioun vun der Schoul, hunn d’Revendicatioune vun de Schüler méi Gewiicht a kennen esou Decisioune vun der Administratioun beaflossen.

 

 

Dobäi mescht de Schülercomité de Lien tëschent Schüler vun engem Lycée a der Direktioun, de Proffen, an och den Elteren. De Schülercomité ass den direkten Uspriechpartner fir d‘Schüler, dem si hier Projetsiddien fir d’Verbesserung vum Schoulalldag kënne matdeelen, an awer och hier Problemer mat deenen se ze dinn hunn, ziele kënnen.

👉 De Zweck vum Schülercomité ass den Dialog tëschent Schüler vun engem Lycée ze vereinfachen, si ze vertrieden an hier Rechter an Interêt’en am schoulesche Kontext ze verteidegen.

 

 

📣 Wichteg!

Als Member vun engem Schülercomité, däerf een net vergiessen dat een net a sengem eegenen Numm schwätzt, mä fir all d’Schüler vun sengem Lycée. De Schülercomité fonctionéiert also wéi eng representativ Demokratie. D’Politesch Vertrieder schaffen am Interêt vum Vollek dat si gewielt huet. Dofir missten hier Aktiounen och de Wëlle vun der Majoritéit vum Vollek representéieren. De Schülercomité gëtt vun de Schüler vun enger Schoul gewielt an dofir muss hien den Interessi vun de Schüler vertrieden. Dofir ass et ganz wichteg d’Schüler vun ärer Schoul ëmmer iwwert all Aktivitéit vum Schülercomité ze informéieren. D’Schüler sollen och d’Méiglechkeet kréien dem Comité hier Wënsch a Preoccupatioune matzedeelen.