Waat ass d’CNEL?

 

Conférence Nationale des Elèves du Luxembourg oder och einfach déi national Schülerkonferenz

 

Waat ass d’CNEL?

D‘CNEL besteet aus je 2 Vertrieder aus de Schülercomitéen vun all Secondaire an technesche Secondaire. Zesummen sinn Si d’Stëmm vun de 40 000 Schüler aus dem Land. CNEL kann also als nationalen Schülercomitéë ugesinn ginn an als d’Stëmm vun de Schüler op nationalem Niveau.

Aus deenen Vertrieder vun den Lycéeën ginn och all 2 Joer Walen gemaach fir den Bureau vun der CNEL ze formen. Ennert Bureau Exécutif kennt dir eisen aktuellen Bureau, mee awer och eis aal Bureauen iech ukucken goen.

Wat maachen mir?

D’CNEL vertrëtt d’Meenung an d’Interessie vun alle Schüler a Schülerinnen aus de Lëtzebuerger Lycéeën.

Als CNEL versichen mir awer och d’Schülercomitéë an hiren Aufgaben ze ënnerstëtzen andeems mir eng Réi Formatiounen, Echangen a Aktivitéiten, op lokalem, regionalem a nationalem Niveau organiséieren mat der Ënnerstëtzung vun verschidden Partneren.

 

 

 

D’Stëmm vun de Schüler op nationalem Niveau, wéi geet dat?

 

  • Eis Ziel ass et d’Meenung vun den Schüler virum Ministère wie och virun aneren Institutioune bescht méiglech ze vertrieden
  • All Decisioun an der CNEL ginn mat der Majoritéit vun de Stëmme ugeholl
  • Mir sinn präsent a verschiddene nationale schoulesche Gremien
  • Mir sinn de Lien tëschent de verschiddene Schülercomitéen
  • Mir schaffen Aktivitéiten an Avis’en aus

 

 

 

Wéi gesäit dat praktesch aus?

  • Mir hunn CNEL Sëtzungen: D’Sëtzunge vun der CNEL, wou all Schülercomité vertrueden ass, ass eist Haaptorgan a fanne reegelméisseg statt. Ongeféier all 6 Wochen an dat ëmmer am Fieldgen géint 16h. Eis Versammlungen daueren normalerweis net méi laang ewéi 2 Stonnen. Vu que, dat all Schoul hei vertrueden ass, ginn och all Entscheedunge mat enger einfacher Majoritéit ugeholl.
  • D’CNEL organiséiert och verschidden Aarbechtsgruppen: Bei wichtege Sujeten rifft d’CNEL Aarbechtsgruppen an d’Liewen. All Member vun der CNEL ka sech fir een Aarbechtsgrupp mellen an do matschaffen. All Member kann natierlech och eng Aarbechtsgrupp virschloen.

 

Wat mëscht d‘CNEL nach?

  • D’CNEL bedeelegt sech e puer Eventer op Been ze kréien oder participéiert aktiv mat Stänn op Evenementer wou mir agelueden ginn.
  • D’CNEL tauscht sech reegelméisseg mat Politiker aus
  • D’CNEL huet zum Beispill déi lescht Joer den traditionellen Bichermaart an der Staat organiséiert.
  • D’CNEL organiséiert och hier Journées des Comités d’élèves fir all Schülercomitéë hei am Land, wou Schülercomitéen néi Kompetenzen kennen léieren an Austausch mat aneren SC kennen mann.
  • D’CNEL gëtt vill op externe Eventer agelueden fir en Stand ze mann oder aktiv bei Aktivitéiten matzemaachen oder virzebereeden. D’CNEL huet zum Beispill all Joers en Stand op der Foire de l’Etudiant. Virum kuerzem sinn si och vum Ministère de l’égalité entre les femmes et les hommes gefrot ginn, fir en Workshop fir Schüler ze preparéieren fir d’Event Rock de Rack.
  • CNEL organiséiert och all Joers en Weekend fir hier Memberen.

Wie dir gesitt, steet vill Ofwiesslung um Plang!

Ginn et nach aner gutt Grënn der CNEL bäizetrieden?

Wann een der CNEL beitrett huet een Méiglechkeet sech vill néi Kollegen ze mann aus villen aneren Lycéeën. Et kann een sech austauschen, et kann een aner SC froen wéi si verschidden Problemer gemeeschtert hunn an hiren Schoulen, et kann een seng Themen an Meenungen era bréngen an sech fir d’Interessen vun de Schüler asetzen a nach villes méi!