climateXchange

 

Nodeems de 15. Mäerz 2019 bal 15.000 Schüler op der Strooss waren, fir fir de Klima ze streiken, an de Premierminister sech dorobberhi mat enger Schülerdelegatioun zesummegesat huet, hu mir als CNEL véier regional Echangen (ClimateXchange) organiséiert, wou och dräi zoustänneg Ministeren (Educatioun, Ëmwelt a Landwirtschaft) vun der Regierung komm sinn, fir nozelauschteren. Sou hu mir haaptsächlech déi Theme vun dësen dräi Ministèren, awer net nëmmen, behandelt an ons konkret Iddien a Virschléi zum Ausdrock bruecht. Am Ganzen hate mir méi wéi 500 Schüler, déi deelgeholl hunn an ons hiren Input ginn hunn.

Dëse Rapport ass d‘Synthèse vun dëse Rencontren, a mir iwwerreechen en der Regierung den 19.06.2019. Mir erwaarden eis natierlech och eng schnell Reaktioun vun der Regierung, am léifsten nach virum leschte Schouldag.

Fir och an Zukunft ze gesinn, wat ons Regierung da konkret vun onsen Iddien zum Klimaschutz ëmsetzt a wou si mat hirer Aarbecht dru sinn, géinge mir et begréissen, eis a spéitstens néng Méint erëmzegesinn, also ëm d‘Ouschtervakanz 2020.

Natierlech wiere mir frou, wann déi Léisungen och international gedeelt géinge ginn an duerchgesat ginn.

📍 Lies den Rapport hei: ClimateXchange: Schlussrapport vun de 4 Regionalen Echangen