Timeline CNEL

Du hues dech schonn ëmmer gefrot wat d’CNEL déi lescht Joer esou gestiicht huet oder säit wéini et d’CNEL gëtt? 🤔

D’CNEL huet an deenen leschten Joren puer Erfolleger konnten féieren, hei an dëser Timeline hunn mir puer Stéchdatumer zréckbehalen.

Villäicht dréis du geschwënn och zu engem Punkt bei wous du dech fir d’Schüler engagéiers a deen hei deemnächst kann dobäi gesat ginn! 🙌

 

 

 

Mäerz 1998
D'CNEL (Conférence Nationale des Éleves du Luxembourg) entsteet

De Reglement grand-ducal vum 12. Mäerz 1998 organiséiert déi National Schülerkonferenz

2009
D'CNEL formuléiert en Upassungsvirschlag fir dat groussherzoglecht Reglement vum Mäerz 1998 iwwer d'Organisatioun vun der nationaler Schülerkonferenz

Dës Adaptatiounspropositioun, déi d'Membere vun der CNEL ausgeschafft hunn, hat als Zil, d'Verantwortungsfelder vun der CNEL ze erweideren, ze vereinfachen a fir eng besser aktiv Participatioun vun de Schüler um Schoulliewe s’areschen. Dobäi wollt d’CNEL en neutralen an onofhängegen Acteur vum Ministère de l’Éducation nationale ginn.

 

Hei kennt dir Proposition d’adaptation am Detail noliesen. 

2013
Fir Meenungsbildung a Meenungsäusserung bei de Schüler a punkto Schoulreform ze ënnerstëtzen, hunn d'CNEL, d'UNEL a d'Jugendparlament eng Campagne gestart: „Deng Meenung zielt! Maach mat!!“

Am Abrëll 2013 ass eng néi Schoulreform gestëmmt ginn

Februar 2014
Den alleréischte Büro Exekutiv vun der CNEL gëtt gewielt an d'CNEL kritt en néit "Doheem" beim Jugendrot (deemools CGJL)

Eng néi Adaptatioun vum Reglement grand-ducal, dee déi national Schülerkonferenz organiséiert, ass vun de CNEListen ugeholl ginn.

 

Klick hei fir den Artikel ze liesen

Abrëll 2014
Streik 6670 : D'CNEL huet sech bedeelegt andeems si virun allem Lycéesschüler iwwert de Streik opgekläert hunn a si motivéiert hunn matzemaache fir sech fir hier Zukunft anzesetzen.

17’000 Jonker waren den Abrëll 2014 op der Strooss, fir géint de Projet de Loi 6670 ze protestéieren. Sou eng riseg Demo huet Lëtzebuerg zanter laanger Zäit net méi gesinn, och d’Police hat d’Gréisst vun dëser Demo komplett falsch ageschat.

Foto Télécran Mee 2014

Foto Streik.lu

Februar 2015
De néie Reglement grand-ducal vun der nationaler Schülerkonferenz trëtt a Kraaft an d'CNEL kritt e néie Logo.

D'CNEL hat deemools en Opruff bei de Schüler gemaach fir Logosiddien eran ze ginn. Den aktuelle Logo huet d'CNEListen iwwerzeegt an huet soumat den Alen ofgeléist.

Hei kanns du den Reglement grand-ducal liesen

September 2015
Bichermaart

2015 ass den éischte Bichermaart mat der Zesummenaarbecht vun der Ville de Luxembourg organiséiert ginn. Säitdeem ass de Bichermaart e traditionelle Rendez-Vous fir Schüler an der Staat.

Oktober 2016
D'CNEL huet sech fir d'Ofschlossklassen agesat a hunn e Kompromëss mam Educatiounsminister fonnt fir d'Organisatioun vun den Ofschlossexamen

De Kompromëss deen se fonnt hunn ass dat selwecht Joer agetrueden, also konnte Ofschlossklassen vun 2016/2017 scho dovu profitéieren.

Lies hei den Artikel

Juli 2017
D'CNEL huet an de Joren 2016/2017 Stellung zu der Schoulreform geholl, andeems si Avise verfaasst hunn, verschidde Pressekonferenzen aberuff hunn an den Dialog mam Educatiounsministère gesicht hunn fir d'Interessi vun de Schüler ze sécheren

Am Juli 2017 ass eng néi Schoulreform gestëmmt ginn

Klick hei fir den Artikel ze liesen

Mee 2019
Nodeems am Mäerz 2019 bal 15.000 Schüler op der Strooss waren, fir fir de Klima ze streiken, an de Premierminister sech dorobberhi mat enger Schülerdelegatioun zesummegesat huet, huet d'CNEL véier regional Echangen (ClimateXchange) organiséiert, wou och dräi zoustänneg Ministeren (Educatioun, Ëmwelt a Landwirtschaft) vun der Regierung komm sinn, fir nozelauschteren.

Am Ganzen hunn 500 Schüler deelgeholl an hunn der CNEL hiren Input ginn

Lies den Rapport hei 

März 2020
2020 war e speziellt Joer fir ganz Welt. De Covid-19 hat Lëtzebuerg an de Lockdown gesat an d'Schoulen hu misste vun haut op muer hier Dieren zoumaachen. D'Normalitéit konnt dat Joer net méi erliewen, Homeschooling, A a B Klassen, Gestes barrières, Quarantän, Covid-19 Tester, Buffen a Masken hunn dat Schouljoer gepräägt.
D'CNEL huet sech an der Covid-19 Zäit vill Gedanke gemaach an huet sech fir d'Froen, d' Suergen an d'Interesse vun de Schüler agesat. D'Versammlungen déi ëmmer physesch statt fonnt hunn konnten ab Mäerz nëmmen nach digital gehale ginn. Am ganze si 4 Avise geschriwwe ginn an et huet ee mam Educatiounsministère de Dialog gesicht.

2020 war e speziellt Joer fir ganz Welt. De Covid-19 hat Lëtzebuerg an de Lockdown gesat an d'Schoulen hu misste vun haut op muer hier Dieren zoumaachen. D'Normalitéit konnt dat Joer net méi erliewen, Homeschooling, A a B Klassen, Gestes barrières, Quarantän, Covid-19 Tester, Buffen a Masken hunn dat Schouljoer gepräägt.

2021
D'CNEL huet ënnert anerem Campagne #act4support zesumme mam CEPAS an anere Jugendorganisatiounen an d'Liewe geruff an huet eng Ausstellung erstallt "Mental Gesondheet aus der Sicht vun de Schüler".

D'Joer 2021 war e weidert Schouljoer wat vun der Pandemie gepräägt war. D'CNEL huet sech weider fir d'Interessen an d'Gesondheet vun de Schüler agesat, virun allem fir d'Mental Gesondheet vu de Schüler.

Juni 2023
Néie Reglement grand ducal fir Schülercomitéë
Néie Reglement grand ducal fir Schülercomitéë

Néie Reglement grand ducal fir Schülercomitéë: No jorelaange Reunioune, Diskussiounen an Avisen, krute Schülercomitéen endlech en néie Reglemengt grand ducal wou ënnert anerem och festgeluecht ass dass all Schülercomité e Budget muss kréien!

2023

D'CNEL huet 25 Joer geféiert mat sengen ale Memberen!

Februar 2024
En néien Avis!
En néien Avis!

En néien Avis! D'CNEL huet en Avis fir déi néi Regierung verfaasst wou si sech op Reform vum Schoulunterrecht, d'Mental Gesondheet, Nohaltegkeet a Participatioun vun de Schüler konzentréieren.