Dem Büro seng Haaptaufgaben sinn d’CNEL-Versammlungen anzeberuffen a ze halen, d’Interesse vun de Schüler ze vertrieden andeems si Kontakt zum Ministère, Politiker, Partner, Medien, asw. hunn, Rapporten ze schreiwen, Aarbechtsgruppen ze leeden, Uspriechpartner fir CNEListen ze sinn an nach villes méi!
Bureau Exécutif 2022 – 2024
D’CNEL ass frou iech de néie Bureau virzestellen ze kennen! 🤩
De 7. Dezember war et nees souwäit am Fieldgen, d’Vertrieder vun de verschiddene Lycéeën aus dem Land sinn zesumme komm fir d'(No)-Wale vum Bureau exécutif vun der CNEL.
Hire Mandat ass zwee Joer laang gülteg, de néie Bureau wäert dofir déi nächst zwee Joer d’Schüler an d’Schülerinnen aus de lëtzebuergesche Lycéeë representéieren.
- Président – Dany Semedo (Lycée Hubert Clément Esch)
- Vice-Présidente – Jennifer Timoteo (Atert Lycée Redange)
- Vice-Présidente – Laly Chivard (Ecole Privée Fieldgen)
- Secrétaire – Dan Ipatii (Lycée de Garçons Luxembourg)
- Secrétaire – Yléna Freire Da Silva (École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette)
- Coopté Premier – Marie-Brufina Leshwange-Mokita (Ecole Privée Sante Anne) a Ben Reyter (Lycée Aline Mayrisch)
- Membre Bureau – Timothy O’Brien (Lycée Art et Métiers)
(Vir vu lenks no riets: Laly, Dany, Yléna, hanne vu lenks no riets: Ben, Dan, Marie, Timothy. (d’Jennifer feelt))
Mir wënschen dem néie Bureau vill Freed an Erfolleg an hiren néie Missiounen!
Dir wëllt si gäre kontaktéieren? Schéckt eng Mail op info@cnel.lu
📍Hei fannt dir eis al Büroen a seng Memberen 😎
Bureau Exécutif 2022 – 2024
Bureau Exécutif 2022 – 2024 D'CNEL ass frou iech de néie Bureau virzestellen ze kennen! 🤩 De 7. Dezember war et nees souwäit am Fieldgen, d'Vertrieder vun de verschiddene Lycéeën aus dem Land sinn zesumme komm fir d'(No)-Wale vum Bureau exécutif vun der CNEL. Hire...
Bureau Exécutif 2022
Bureau Exécutif 2022 - 2023 D’CNEL ass frou iech matdeelen ze kennen dass d’CNEL säit Kuerzem e néie Bureau huet. 🤩 👉 Dës Vetrieder sinn an der CNEL - Sëtzung vum 11. Januar gewielt ginn a wäerten déi nächst zwee Joer d’Schüler an d’Schülerinnen aus de lëtzebuergesch...
Bureau Exécutif 2020-2021
Bureau Exécutif 2020-2021 D'CNEL huet säit Mëtt November zwee néi Gesichter an hirem Bureau Exécutif! 🤩 Dem Büro seng Haaptaufgaben sinn d’CNEL-Versammlungen anzeberuffen a ze halen, d’Interesse vun de Schüler ze vertrieden andeems si Kontakt zum Ministère,...
BE CNEL 2020 – 2021
D'CNEL huet säit Mëtt November zwee néi Gesichter an hirem Bureau Exécutif! 🤩 D'CNEL felicitéiert an heescht d'Marie-Brufina Leshwange-Mokita aus der Ecole Sainte-Anne an de Liam Bloden aus dem Lycée Edward Steichen Clervaux häerzlech Wëllkomm am Bureau a wënschen...
BE CNEL 2019 – 2020
Bureau Exécutif 2019-2021 Enn November 2019 hat d'CNEL hir Walen, wou en néien Bureau Exécutif gewielt ginn ass fir déi nächst 2 Joer! 😊 Dem Büro seng Haaptaufgaben sinn d'CNEL-Versammlungen anzeberuffen a ze halen, d'Interesse vun de Schüler ze vertrieden andeems si...
BE 2018-2019
An der CNEL Versammlung vum 12. Dezember 2018 sinn zwou Plazen am BE nogewielt ginn. Mir félicitéieren an heeschen déi zwee nei Memberen (als 2. Vizepresidentin a Secrétaire adjoint) Wëllkomm. Vu...
BE 2017-2018
BE 2015-2017
BE 2014-2015
BE 2013-2014
Laang wollt CNEL méi onofhängeg ginn, dofir hunn sech puer CNEListen zesummegedoen an hunn sech Gedanken gemaach dass CNEL en eegenen Büro Exekutiv brauch fir méi besser an koordinéiert ze schaffen. Dëst ass och an en ger CNELs-Versammlung virgestallt an vun de...