Bureau Exécutif 2020-2021

Bureau Exécutif 2020-2021

D’CNEL huet säit Mëtt November zwee néi Gesichter an hirem Bureau Exécutif! 🤩

 

Dem Büro seng Haaptaufgaben sinn d’CNEL-Versammlungen anzeberuffen a ze halen, d’Interesse vun de Schüler ze vertrieden andeems si Kontakt zum Ministère, Politiker, Partner, Medien, asw. hunn, Rapporten ze schreiwen, Aarbechtsgruppen ze leeden, Uspriechpartner fir CNEListen ze sinn an nach villes méi!

 

 

 

D’CNEL felicitéiert an heescht d’Marie-Brufina Leshwange-Mokita aus der Ecole Sainte-Anne an de Liam Bloden aus dem Lycée Edward Steichen Clervaux häerzlech Wëllkomm am Bureau a wënschen hinne vill Erfolleg an hire néie Missiounen.

Dem Anna Moura an dem Nicole Duque seet d’CNEL villmools Merci fir hiren Asaz dat lescht Joer a wënscht hinnen alles Guddes op hirem weidere Wee. 🤗

D’CNEL freet sech op e weidert spannend CNEL Joer!

 

 

Kimon Leners (LAM) – Präsident

 

Lex Tosseng (LCD) – 1. Vize-Präsident

 

Anne Lecuit (LBV) – 2. Vize-Präsidentin

 

Marie-Brufina Leshwange-Mokita (EPSA) – Secrétaire

 

Liam Bloden (LESC) – Secrétaire

 

 

 

 

(Op der Foto feelt den Lex Tosseng (LCD))