Bureau Exécutif 2022

Bureau Exécutif 2022 – 2023

D’CNEL ass frou iech matdeelen ze kennen dass d’CNEL säit Kuerzem e néie Bureau huet. 🤩

👉 Dës Vetrieder sinn an der CNEL – Sëtzung vum 11. Januar gewielt ginn a wäerten déi nächst zwee Joer d’Schüler an d’Schülerinnen aus de lëtzebuergesch Lycée vertrieden.

Den néie Bureau besteet aus folgende Schüler:

Luc Dauphin (LAM) – President

Dany Semedo (LHCE)  – 1. Vizepresident

Jennifer Timoteo – (ALR) – 2.Vizepresidentin

Marie- Brufina Leshwangé Mokita (EPSA) – Secretaire

Laura Pyter (LRSL) – Secretaire

Timothy O’Brien (LGL) – Membre Bureau

Dan Ipatii (LGL) – Membre Bureau

Dëst Joer hunn mir och eng Ännerung am Bureau, an zwar hunn mir zwee Coopté Premieren, déi sech em Premiere këmmere mee och dem CNELsbureau ënnert d’Äerm gräifen:

Luca Colling (LJBM) – Coopté Premier

Ben Reyter (LAML) – Coopté Premier

Mir wënschen dem néie Bureau vill Freed an Erfolleg an hiren néie Missiounen!  

Dir wëllt si gäre kontaktéieren? Scheckt eng Mail op info@cnel.lu

 

 

 

 

(vun lénks no riets Laura, Luc, Timothy, Luca, Dany, Dan, Ben, Marie vir an et feelt Jennifer op der Foto)