Category Archives: News

Veggie Monday: Brokkoli ass sexy!

Ëmfro fir e Veggie Monday an ärer Schoul!

Léif Membere vum Schülercomité,

eemol an der Woch stinn an de Kantinne vum Kolléisch, vum Lycée Michel Rodange a vum Lycée Aline Mayrisch ausschliisslech vegetaresch Alternativen zur Auswiel. De sougenannte “Veggie Monday” ass agefouert ginn, wëll d’Majoritéit vun de Schüler:innen aus deene Lycéeën sech dat an enger Ëmfro gewënscht huet. Doropshin huet den Educatiounsministère zesumme mat Restopolis e Pilotprojet am Schouljoer 2021-2022 lancéiert. Deen war ee grousse Succès an esou ass säit leschtem Schouljoer de Veggie Monday ee feste Bestanddeel vun den Iessenspläng an de Kantinne vun deenen dräi genannte Schoulen.

Mir vu move., de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique a vun der CNEL, der Conférence Nationale des Elèves, wëllen eis dofir asetzen, datt och an ärer Schoul esou eng Ëmfro lancéiert gëtt. Mir hu gemierkt, datt Nohaltegkeet an Ernärung ëmmer méi e wichtegt Thema bei Schüler:innen ass, a wëlle mat esou enger Ëmfro derzou bäidroen, datt an ärem Lycée jiddereen:t sech eng eege Meenung bilden a senger Meenung och Gehéier verschafe kënnen.

Dofir hu mir zesummen Online-Ëmfro erstallt, baséierend op der Ëmfro aus den dräi uewe genannte Lycéeën. Des Ëmfro leeft bis den 31. Mäerz. Zousätzlech dozou hu mir e Flyer an e Plakat ausgeschafft, wou mir e puer Informatiounen, Zuelen a Fakten zum Veggie Monday zesummegesicht hunn. Wa sech eng Majoritéit vun de Schüler:innen an ärer Schoul fir de Veggie Monday ausschwätzt, dann si mir natierlech och gär bereet, fir zesumme mat iech a mat ärer Direktioun an
den Austausch ze goen an ze kucken, ob a wéi esou ee Projet bei iech ëmsetzbar ass.

 

https://forms.office.com/e/xHd5h1PHn0

Mir géifen eis freeën, wann Dir dës Initiativ ënnerstëtze géift, andeems dir déi ugespéngelt Flyeren a
Plakater fir d’Schüler:innen zougänglech maacht, sief dat iwwer Mail, Social Media, oder andeems dir de Flyer an ärer Schoul verdeelt. Mir hunn d’ Affichen och a gedréckter Form un är Direktioun geschéckt an op Ufro kënne mir iech och gären Affichë gratis a gedréckter Form schécken. Des Weidere sinn eis Positiounen online op eisem Internetsite move.meco.lu ze fannen.

Et wier schéin, wann esou vill wéi méiglech Schüler:innen bei der Ëmfro matmaache géifen, fir datt
d’Resultater esou repräsentativ ewéi méiglech fir är Schoul ginn. Mir sinn natierlech oppe fir all Feedback zu der Ëmfro an zum Informatiounsmaterial a bei Froe kënnt dir iech ëmmer gär bei eis mellen (move@oeko.lu).

Wann dir och Loscht hätt e Stand ze maachen oder soss eng Iddi hutt, fir d’Ëmfro nach mei bekannt ze maachen: sot eis Bescheed, mir ënnerstëtzen Iech gären derbäi.

 

 

move. Affiche Veggie Monday (EN)

Veggie Monday – Factsheet (LU)

Veggie Monday – Factsheet (EN) move.

Affiche Veggie Monday (LU)

 

Bureau Exécutif 2024

Am Dezember gouf et e klenge Wiessel am Bureau vun der CNEL, et hunn Nowalen statt fonnt fir de Vize-President an néi Memberen engagéieren sech am Bureau:

 

  • Président – Dany Semedo (Lycée Hubert Clément Esch)
  • Vice-Président – Timothy O’Brien (Lycée Art et Métiers)
  • Vice-Présidente – Laly Chivard (Ecole Privée Fieldgen)
  • Secrétaire – Dan Ipatii (Lycée de Garçons Luxembourg)
  • Secrétaire – Yléna Freire Da Silva (École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette)
  • Coopté Premier – Hana Musovic (Lycée Technique pour Professions de Santé (Bascharage))
  • Membres Bureau – Luca Roettgers (Lycée Edward Steichen Clervaux), Leslie Bodé (Lycée Art et Métiers), Kassandra Tavares Letra (Nordstad Lycée), Lena Wolff (Lycée Technique d’ Ettelbruck), Afonso Sebastião Oliveira (Lycée Technique Bonnevoie)

 

Mir wënschen dem néie Bureau vill Freed an Erfolleg an hiren néie Missiounen!  

Dir wëllt si gäre kontaktéieren? Schéckt eng Mail op info@cnel.lu

25 Joer CNEL

1998 ass de Reglement grand-ducal vun der CNEL a Kraaft getrueden, also genau viru 25 Joer.

Dofir huet de aktuelle Büro e flotten Nomëtten organiséiert mat den aktuellen a fréiere CNEListen, mam Minister Claude Meisch an e puer Gäscht.🥳🎂🍾

D’CNEL seet Merci un all CNEList fir seng Aarbecht an Engagement wärend de lëschte 25 Joren.

An op nach weider flott Joeren🥂.