Category Archives: Uncategorized

Dréngenden Handlungsbedarf beim Snus Konsum (Nicotin Pouches) vu Jugendlechen

📢 Eng nei Gefor fir eis Gesondheet?

D’CNEL ass alarméiert: ëmmer méi Schüler benotze Snus* (Nikotin Pouches) 😟

An eiser landeswäiter Ëmfro, un där iwwer 1.000 Schüler deelgeholl hunn, hu 21 % gesot, datt si Snus schonn eemol oder reegelméisseg konsuméieren.

Mir ruffen d’Politik op, elo ze handelen:

⚠️ de Projet de Loi 8333 soll endlech gestëmmt ginn

🚫 Verkaf u Mannerjäreger muss besser kontrolléiert ginn

📚 Méi Opklärung a Präventioun an de Schoulen ass néideg

👉 Mir wëllen, datt Jonker informéiert, geschützt a gestäerkt ginn, fir gesond Entscheedungen ze treffen.

🔗 De ganze Communiqué fannt dir hei: AVISSNUSFINAL16102025s

*Analyse vun der Ëmfro iwwer Snus bei Schüler a Lëtzebuerger Lycéeën

Mir hunn an eiser Ëmfro bewosst de Begrëff „Snus“ benotzt, well de korrekte Begrëff „Nicotin-Pouches“ bei de Schüler net verbreet ass an si am Alldag ëmmer vun „Snus“ schwätzen.

D’Ëmfro ass vum Mee 2025 bis Mëtt Juli 2025 iwwert en Online-Formular gelaf an huet sech u Schüler adresséiert.

Demographesch Donnéeën

  • Am Ganzen hunn 1017 Schüler aus Lëtzebuerg matgemaach.
  • Alter: Déi meescht Befroten si 15–17 Joer al (49 %), 27 % si méi jonk (12–14), a 24 % sinn 18+.
  • Enseignement: 39 % sinn am Secondaire général, 31 % am Secondaire classique, 20 % am internationale System a 5 % an der Formation professionnelle oder am Préparatoire.

Mental Gesondheet vu Kanner a Jonken ass méi schlecht ginn

Och bei der Schülerkonferenz CNEL huet ee sech an der leschter Zäit vill mat der mentaler Gesondheet vun de Jonke beschäftegt. Et géing de Schüler ëmmer manner gutt goen, seet d’CNEL-Vizepresidentin Laly Chivard, an et géing ëmmer méi jonk ufänken.

“Mir wëssen net, ob et genee wéinst der Schoul ass, oder, also net nëmme wéinst der Schoul, mee och mam Mediekonsum, mat alles, wat dobaussen an der Welt leeft, dat ass leider en immens fetten Drock, deen d’Jugendlecher an d’Schüler net ëmmer kënnen aushalen, well hir Zukunft awer extreem flou ass.”
 
Fir d’CNEL ass ee Problem, datt et an de SEPASen, fréier SPOS, an de Schoulen net genuch Disponibilitéite ginn. 200 Psychologe schaffen an de Lëtzebuerger Schoulen, sou den Educatiounsministère. D’psychologesch Servicer an de Schoule kéinten awer och net alles ofdecken, seet d’Dr Salima Aarab. De Problem wier och, datt d’ambulant Offer limitéiert wier, sou dass et fir d’Schoulen och net ëmmer einfach wier, d’Schüler weider ze vermëttelen.

 

Kuck de Reportage hei:

 

https://www.rtl.lu/news/national/a/2238173.html

De Kloertext: Vun LGBT bis Politik: Wat soll d’Schoul thematiséieren?

Am Kloertext gouf diskutéiert, ob d’Schoul soll virop Wësse vermëttelen, wat alles derzou gehéiert an ob et nach Theme ginn, déi een ausklammere kann.

Wat soll oder muss d’Schoul de Kanner a Jonke bäibréngen? Ënnert anerem ëm déi Fro goung et am Kloertext op der Tëlee.

Kuckt der hei de Kloertext u mam Dany Semedo (President National Schülerkonferenz CNEL):

 

https://www.rtl.lu/tele/kloertext/a/2230951.html

Den Dany Semedo ass President vun der CNEL, der nationaler Schülerkonferenz. Fir hien ass et wichteg, datt d’Schoul keng Welt fir sech ass an datt se de Kanner a Jonken Wäerter mat op de Wee gëtt. Stéchwuert Respekt vun de Mënscherechter, Toleranz, Inclusioun a kritescht Denken. Donieft géifen Doheem och Saache gezielt ginn, déi falsch wieren.

Et gi ganz vill Kanner, Schüler, déi an d’Klass komme mat homophoben, rassistesch oder sexistesche Gedanken, déi vun Doheem aus kommen a grad an der Schoul ass et da wichteg, iwwert déi Saachen ze schwätzen, well d’Elteren hunn net ëmmer Recht.

Genee aus deem Grond, seet de President vun der nationaler Schülerkonferenz, wier et wichteg, datt d’Schoul eng Plaz ass, wou iwwer alles oppe ka geschwat ginn.

 

 

 

Inscription Stand de vente Bichermaart goes Jugendmaart