Category Archives: News

Umeldung Kongress CNEL

Kongress CNEL

Du bass an dengem Lycée am Schülercomité ?

Weess du dass et en nationale Schülercomité gëtt (CNEL), wou Vertrieder aus all de Schoule reegelméisseg zesumme kommen a si Stëmm vun de Schüler representéieren?

Weess du dass all Schülercomité zwee Vertrieder an d’CNEL schéckt?

Du bass intresséiert méi gewuer ze ginn a wéilts dech eventuell an der CNEL engagéieren?

Da komm den 22. November um 16h30 an de Forum Geesseknäppchen. 😊

Mëll dech w.e.g. hei un: https://www.jugendrot.lu/cnel24/

Do hues du Méiglechkeet Schülervertrieder aus anere Lycéeë kennen ze léieren, dir gëtt erkläert wéi d’CNEL funktionéiert a wat d’CNEL esou mëscht a villäicht wëlls du dech selwer engagéieren!

 

D’National Schülerkonferenz zielt op dech fir d’Stëmm vun de Schüler nach méi staark ze maachen! 😊

Bichermaart goes Jugendmaart 14. September 2024

SAVE THE DATE!

Bichermaart goes Jugendmaart 2024: Samschdes, de 14. September op der Place d’Armes an der Stad 🤩🥳

👉 Du bass Schüler (oder Student) ?

👉 Du hues Saachen doheem trëllen déi’s du net méi richteg brauchs mee déi och ze Schued si fort ze geheien?

👉 Du wëlls dir e klengt Täschegeld verdéngen?

👉 Du kenns gäre mat anere Schüler a Kontakt?

👌 Da gëff denge Saachen en zweet Liewen a komm op de Bichermaart goes Jugendmaart!

D’CNEL, déi national Schülerkonferenz, organiséiert mat der Ënnerstëtzung vum Service Jeunesse vun der Ville de Luxembourg de Bichermaart goes Jugendmaart.

Do hutt dir als Schüler Méiglechkeet e Verkafsstand ze halen oder eng gutt Affär ze fannen! 😉

Puer interessant Organisatioune fir d’Schüler sinn deen Dag och dobäi  !  (More infos coming soon 😉)

Ausserdeem kanns du dech op der Platz iwwert d’CNEL an d’Schülercomitéen informéieren.

D’CNEL freet sech iech deen Dag an der Stad ze gesinn! 😁

Umellen fir ze verkafen:

Eng Umeldung ass net obligatoresch, awer wënschenswäert.

Esou si mir sécher dir en Dësch ënnert engem Zelt ze ginn.

Hei kanns du dech umellen: bit.ly/BGJ24

Bei Froen zéck net eis ze kontaktéieren: info@cnel.lu oder 406090333

OPGEPASST: Nëmme Schüler/Studenten dierfen e Stand halen, si kenne vun engem Erwuesse begleet gi mee en Erwuessenen eleng dierf kee Stand hunn!

 

 

Bichermaart goes Jugendmaart 2024: Samedi, le 14 septembre à la Place d’Armes en Luxembourg Ville

👉 Tu es élève (ou étudiant) ?

👉 Tu as des objets chez toi dont tu n’as plus vraiment besoin, mais que tu trouves trop dommage de jeter ?

👉 Tu veux te faire un peu d’argent de poche ?

👉 Tu aimerais entrer en contact avec d’autres élèves du pays ?

👌  Alors donne une seconde vie à tes affaires et viens au Bichermaart goes Jugendmaart !

La CNEL (Conférence nationale des élèves) organise le Bichermaart goes Jugendmaart avec le soutien du Service de la jeunesse de la Ville de Luxembourg.

Vous, les élèves, avez la possibilité de tenir un stand de vente ou de faire de bonnes affaires.

Quelques organisations intéressantes pour les élèves seront également présentes ce jour-là ! (More infos coming soon 😉)

En outre, vous pouvez vous informer sur la CNEL et les comités d’élèves.

La CNEL serait ravie de vous voir cette journée en centre-ville ! 😁

Inscrivez-vous pour vendre vos affaires :

L’inscription n’est pas obligatoire, mais elle est recommandée.

Ainsi, nous sommes certains de vous mettre une table et une tente à votre disposition.

Vous pouvez vous inscrire ici : bit.ly/BGJ24

Si vous avez des questions, n’hésitez pas à nous contacter : info@cnel.lu ou 406090333

ATTENTION: Reservé aux élèves/étudiants
(les jeunes peuvent être accompagnés par un adulte, mais un adulte seul ne peut pas tenir un stand!)

 

 

 

 

 

Veggie Monday: Brokkoli ass sexy!

Ëmfro fir e Veggie Monday an ärer Schoul!

Léif Membere vum Schülercomité,

eemol an der Woch stinn an de Kantinne vum Kolléisch, vum Lycée Michel Rodange a vum Lycée Aline Mayrisch ausschliisslech vegetaresch Alternativen zur Auswiel. De sougenannte “Veggie Monday” ass agefouert ginn, wëll d’Majoritéit vun de Schüler:innen aus deene Lycéeën sech dat an enger Ëmfro gewënscht huet. Doropshin huet den Educatiounsministère zesumme mat Restopolis e Pilotprojet am Schouljoer 2021-2022 lancéiert. Deen war ee grousse Succès an esou ass säit leschtem Schouljoer de Veggie Monday ee feste Bestanddeel vun den Iessenspläng an de Kantinne vun deenen dräi genannte Schoulen.

Mir vu move., de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique a vun der CNEL, der Conférence Nationale des Elèves, wëllen eis dofir asetzen, datt och an ärer Schoul esou eng Ëmfro lancéiert gëtt. Mir hu gemierkt, datt Nohaltegkeet an Ernärung ëmmer méi e wichtegt Thema bei Schüler:innen ass, a wëlle mat esou enger Ëmfro derzou bäidroen, datt an ärem Lycée jiddereen:t sech eng eege Meenung bilden a senger Meenung och Gehéier verschafe kënnen.

Dofir hu mir zesummen Online-Ëmfro erstallt, baséierend op der Ëmfro aus den dräi uewe genannte Lycéeën. Des Ëmfro leeft bis den 31. Mäerz. Zousätzlech dozou hu mir e Flyer an e Plakat ausgeschafft, wou mir e puer Informatiounen, Zuelen a Fakten zum Veggie Monday zesummegesicht hunn. Wa sech eng Majoritéit vun de Schüler:innen an ärer Schoul fir de Veggie Monday ausschwätzt, dann si mir natierlech och gär bereet, fir zesumme mat iech a mat ärer Direktioun an
den Austausch ze goen an ze kucken, ob a wéi esou ee Projet bei iech ëmsetzbar ass.

 

https://forms.office.com/e/xHd5h1PHn0

Mir géifen eis freeën, wann Dir dës Initiativ ënnerstëtze géift, andeems dir déi ugespéngelt Flyeren a
Plakater fir d’Schüler:innen zougänglech maacht, sief dat iwwer Mail, Social Media, oder andeems dir de Flyer an ärer Schoul verdeelt. Mir hunn d’ Affichen och a gedréckter Form un är Direktioun geschéckt an op Ufro kënne mir iech och gären Affichë gratis a gedréckter Form schécken. Des Weidere sinn eis Positiounen online op eisem Internetsite move.meco.lu ze fannen.

Et wier schéin, wann esou vill wéi méiglech Schüler:innen bei der Ëmfro matmaache géifen, fir datt
d’Resultater esou repräsentativ ewéi méiglech fir är Schoul ginn. Mir sinn natierlech oppe fir all Feedback zu der Ëmfro an zum Informatiounsmaterial a bei Froe kënnt dir iech ëmmer gär bei eis mellen (move@oeko.lu).

Wann dir och Loscht hätt e Stand ze maachen oder soss eng Iddi hutt, fir d’Ëmfro nach mei bekannt ze maachen: sot eis Bescheed, mir ënnerstëtzen Iech gären derbäi.

 

 

move. Affiche Veggie Monday (EN)

Veggie Monday – Factsheet (LU)

Veggie Monday – Factsheet (EN) move.

Affiche Veggie Monday (LU)