CNEL goes international: European Pupils Nation (EPU)

CNEL goes international: European Pupils Nation (EPU)

D’CNEL war nees international aktiv: Mir si vun der Schülerunion Österreich invitéiert gi fir d’EPU (European Pupils Union) bäizetrieden. An dem Kader si mir vum 14. Abrëll bis de 16. Abrëll op Wien geflunn. D’Laly Chivard an den Dany Semedo hunn d’CNEL zu Wien vertrueden an hunn vill flott Aktivitéiten a Workshops matgemaach. 

Den éischten Dag hu mir an engem Workshop déi aner Schüler aus den aneren Länner kennegeléiert unhand vun verschidden Team Building Aktivitéiten, wou all Atelier seng Leier hat. Ënnert anerem waren den Ekippegeescht, d’Kommunikatioun, de Respekt an d’Vertrauen essentiel Themen. No deene Workshops huet ee gesinn, dass et vill bruecht huet: Jiddereen huet sech wuel gefillt. Dono ass Richtung d’Zëmmere gaangen, well mir den nächsten Dag fréi opstoe missten. 

De Samschden, 15. Abrëll si mir moies Richtung éisträichesch Parlament getrëppelt. Eng Visitt mat engem éisträicheschen Deputéierte war um Programme. D’Parlament war e flotte Moment wou mir och eng Diskussioun haten iwwert d’Engagement vun de Schüler an iwwert d’EU-Politik. Duerno hu mir e klenge Spadséiergang gemaach wou mir d’Geleeënheet hate méi vu Wien ze gesinn. Am Nomëtte gouf erëm seriö geschafft. Mir hunn wärend de Workshops eis respektiv Länner an Organisatioune presentéiert. Duerno hu mir iwwert d’EPU geschwat a wéi een déi Plattform developpéiere kann. Owes war e méi chillege Programme: Eng entspaant Soirée an enger Bar. 

De nächsten Dag, Sonndes, hu mir e Bilan gemaach vun eisen Diskussiounen an Ziler opgesat. 

Weider Kooperatiounen an Events si geplangt. Dat wichtegst um Weekend war déi gutt Kooperatioun a Frëndschaften déi do entstane sinn an dass mir Schüler zesummen Ziler hunn.

 

 

 

 

Méi Infoen iwwert EPU fannt dir hei:

 

https://www.ots.at/presseaussendung/OTS_20220812_OTS0088/schuelerunion-gruendet-european-pupils-union-als-europaweite-bildungspolitische-marke

https://www.instagram.com/europeanpupilsunion/