De Mobbing betrëfft ons all

De 4. November ass den Internationalen Dag
géint Gewalt a Mobbing an de Schoulen, wou de
Cybermobbing och drënner
fält.
Fir en Zeeche géint Gewalt Mobbing an äre Schoulen
ze sëtzen, invitéiere mir iech dëst Bild ze verbreeden
oder als Profilbild ze benotzen.
Jidderee soll drop opmierksam maachen, dass de
Mobbing muss gestoppt ginn‼️

 

 

 

👉 Lescht Joer huet d’CNEL en Avis zu der mentaler
Gesondheet geschriwwen (Jugenddesch 2021), wou
de Mobbing och vun de CNEListen thematiséiert gouf.
D’Schüler hu festgestallt dass de Mobbing net nëmme
vu Schüler ausgeet mee och
d‘Proffen aktiv matmaachen, sief et, dass verschidde
Proffe bestëmmte Schüler net fair
behandelen, selwer mobben, sech u Mobbing
bedeelegen oder et ganz einfach toleréieren.
Aus Angscht selwer Affer ze ginn, halen sech
d’Schüler oft zréck a verzichten drop, de
jeeweilege Proff ze mellen. Dofir ass de Wonsch vun
enger anonymmer onofhängeger Ulafstell
opkomm, wou ee Schüler oder eng Klass eng soit-disant
Plainte géint ee Proff ka maachen.
Des spezifesch Ulafstell géif et der Direktioun an dem
SePAS erméiglechen: 1. op des Proffen
opmierksam ze ginn, 2. ee Suivi ze hunn an sou déi akut
Fäll vu Proffen, déi sech net konform
verhalen ze detektéieren. D’Schüler géifen sech esou
méi sécher fillen, well de Proff, deen si gemellt hunn net
kann iergendeen opgrond vun der Ausso bestrofen,
well d’Ulafstell anonym ass.

Eng aner Léisung wier och dass d’Schoulen all puer
Joer eng anonym Evaluatioun vun hire
Proffe maachen. Dëse Prinzip orientéiert sech u
verschiddenen Unien, déi des Prozedur scho
säit längerer Zäit benotzen. Mat esou enger anonymmer
Evaluatioun kéint een zum Beispill
gesinn, wéi eng Proffe Mobbing ënnerstëtzen a wéi eng
gutt vun de Schüler ageschat ginn,
well si Kompetenzen hunn fir e gutt Klaassenklima ze
schafen.

Mat der Ulafstell oder der Evaluatioun kéint ee gezielt
Léit uschwätzen, den Dialog sichen oder
Formatioune virschloen.

#mobbingbetrefftonsall #harcelementscolaire
#TousConcernés #nuitsdaurore #Sepas #cepas #Actis
#cnel