Bureau Exécutif 2019-2021
Enn November 2019 hat d’CNEL hir Walen, wou en néien Bureau Exécutif gewielt ginn ass fir déi nächst 2 Joer! 😊
Dem Büro seng Haaptaufgaben sinn d’CNEL-Versammlungen anzeberuffen a ze halen, d’Interesse vun de Schüler ze vertrieden andeems si Kontakt zum Ministère, Politiker, Partner, Medien, etc. hunn, Rapporten ze schreiwen, Aarbechtsgruppen ze leeden, Uspriechpartner fir CNEListen ze sinn an nach villes méi!
👉 Den néien CNEL Bureau setzt sech zesummen mam:
Kimon Leners (LAM) – Präsident
Lex Tosseng (LCD) – 1. Vize-Präsident
Anne Lecuit (LBV) – 2. Vize-Präsidentin
Anna Moura (LLJ) – Secrétaire
Nicole Duque (LMRL) – Secrétaire adjointe
Mir wënschen hinnen 5 alles Guddes an hiren néien Missiounen! 🙌