Category Archives: BE CNEL

BE CNEL 2019 – 2020

Bureau Exécutif 2019-2021

Enn November 2019 hat d’CNEL hir Walen, wou en néien Bureau Exécutif gewielt ginn ass fir déi nächst 2 Joer! 😊

Dem Büro seng Haaptaufgaben sinn d’CNEL-Versammlungen anzeberuffen a ze halen, d’Interesse vun de Schüler ze vertrieden andeems si Kontakt zum Ministère, Politiker, Partner, Medien, etc. hunn, Rapporten ze schreiwen, Aarbechtsgruppen ze leeden, Uspriechpartner fir CNEListen ze sinn an nach villes méi!

👉 Den néien CNEL Bureau setzt sech zesummen mam:

Kimon Leners (LAM) – Präsident

Lex Tosseng (LCD) – 1. Vize-Präsident

Anne Lecuit (LBV) – 2. Vize-Präsidentin

Anna Moura (LLJ) – Secrétaire

Nicole Duque (LMRL) – Secrétaire adjointe

Mir wënschen hinnen 5 alles Guddes an hiren néien Missiounen! 🙌

 

CNEL BE 2018/2019

BE 2018-2019

An der CNEL Versammlung vum 12. Dezember 2018 sinn zwou Plazen am BE nogewielt ginn. Mir félicitéieren an heeschen déi zwee nei Memberen (als 2. Vizepresidentin a Secrétaire adjoint) Wëllkomm.

Vu lénks no riets:

  • Secrétaire adjointe: Kassandra Sosson (EPF),
  • 2. Vizepresidentin: Sally Eiffes (LTA),
  • President: Kimon Leners (LTAM)
  • Vizepresidentin: Kelly Simon (ALR)
  • Secrétaire général: Lex Tosseng (LCD)

Un dëser Plaz nach ee grousse Merci un d’Marie Wivenes an de Pit Meintz fir hier vill a gutt Arbescht an Alles Gudds fir hier 1e!

BE 2017-2018

ENG NEI EQUIPPE FIR  D’CNEL – VIRSTAND 2017 – 19!

An der Sëtzung vum 28. November 2017, hunn d’CNEL Vertrieder hire neie Virstand gewielt.

Fir déi nächst 2 Joer besteet de Virstand vun der CNEL 2017-19 aus folgende Leit:

Kimon Leners aus dem LAM             – President

Kelly Simon aus dem ALR                – 1t. Vizepresidentin

Marie Wivenes aus dem LRSL           – 2t. Vizepresidentin

Alex Tosseng aus dem LCD               – Generalsekretär

Pit Meintz aus dem LMRL                – Generalsekretär adjoint.

pastedGraphic.png

 

 

(vu lénks no riets: Alex, Marie, Kimon, Kelly a de Pit)

BE 2015-2017

ENG NEI EQUIPE FIR D’CNEL!

pastedGraphic.png

Am Hierscht 2015 stounge bei ville Schoulen, Neiwale vum Schülercomité, um Programm. Dat heescht natierlech och dat d’CNEL, als National Plattform vun de Schülercomitéen, och mat engem ganze Koup nei Gesichter konnt zielen.

Niewent dëse Walen an de Schoulen, war laut dem Reglement Intern (RI) vun der CNEL och d‘ Neiwale vum Coordinatiounsbüro vun der CNEL op der Dagesuerdnung!

Fir déi nächst 2 Joer sinn déi fënnef Leit aus dem Virstand:

De Max Bintener aus dem LCD  President

D‘ Catia Biel aus dem LGL  1st Vize- Presidentin

D‘ Lejla Mujkic aus dem LMRL  2t Vize- Presidentin

De Yann Kohl aus dem ECG Generalsekretär – Kimon Leners aus dem LAM neie Generalsekretär seit November 2016

De Pedro Mota aus dem LTMA als Sekretär adjoint.