Category Archives: Aktuell Avis’en

Avis CNEL Snus (Nicotin Pouches)

Avis vun der CNEL iwwert Snus (Nicotin Pouches)

Wéinst dem steigende Konsum vu sougenannte Snus (Nicotin Pouches) an de Schoulen huet d’Conférence nationale des élèves du Luxembourg (CNEL) decidéiert, en offiziellen Avis auszeschaffen.

Als national Schülervertriedung gesäit d’CNEL et als hir Verantwortung un, d’Stëmm vun der Schülerschaft zu Lëtzebuerg an de gesellschaftlechen a politeschen Debat eranzebréngen, besonnesch bei Themen, déi en direkten Afloss op d’Gesondheet an d’Wuelbefanne vun der jonker Generatioun hunn.

Am Kader vum Projet de loi 8333, deen ënnert anerem d’Reglementatioun vun dëse Produite betrëfft, gouf den Avis och un déi zoustänneg Instanze weidergeleet.

👉 Den Avis kann hei nogelies ginn: AvisCNELSnusfinal

D’CNEL hofft, dass dësen Avis bei den zoustännegen Autoritéite Gehéier fënnt an an d’Decisiounsprozesser mat agebonn gëtt.

 

 

 

 

 

📅 De Samschdeg, 15. Mäerz 2025, huet de Jugendrot/CGJL eng Diskussiounsronn mam Titel « Jugenddësch » organiséiert, fir iwwert d’Reform vun de Pensiounen ze diskutéieren.

🎙️ D’Vertrieder vun 12 Jugendorganisatiounen, dorënner d’CNEL, hunn hir Positiounen zu dësem wichtegen Thema der Madame Ministesch Martine Deprez presentéiert.

👥 Och Deputéiert aus der Parlamentarescher Kommissioun « Gesondheet a sozial Sécherheet » waren als Observateure mat dobäi.

Du kanns den Avis vun der CNEL hei liesen: Pensiounsreform_-_Avis_CNEL_Mäerz_2025_Final

An hei fënns de den offizielle Communiqué vum Jugendrot: https://www.jugendrot.lu/wp-content/uploads/2025/03/Jugenddesch_150325_Communique_JugendrotCGJL.pdf