Author Archives: CNEL

Mir brauchen dech: Kreéier eis e Logo fir d’Woch vun der Demokratie! :)

Am Kader vun der Demokratiewoch an de Lycéeë lancéieren de CePAS zesumme mat der CNEL an dem ZpB
e Concours fir e Logo fir Demokratiewoch ze fannen! 
Dee Concours riicht sech un all Schüler hei am Land.
Dem Gewënner säi Logo gëtt fir déi folgend Demokratiewochen am ganze Land benotzt an de Gewënner kritt en iPad.
Hëlleft eis de Concours ze verbreeden an gitt d’Infoen un är kreativ Schoulkolleege weider. 😉
Am Anhang fannt dir weider Detailer. Deadline ass bis de 15. Mee. Bei Froe kennt dir iech gäre mëllen: info@cnel.lu

 

Appel à projet 
Création du logo national de la « Semaine de la démocratie et de la citoyenneté »
Depuis 2022, la Semaine de la démocratie et de la citoyenneté est organisée chaque année dans l’ensemble des lycées du Luxembourg.
En 2023, sa deuxième édition se déroulera du 23 au 27 octobre.
Pour cette occasion, nous invitons tous les jeunes ayant des talents en matière de graphisme ou d’art, à soumettre leurs créations pour l’identité visuelle de la semaine de la démocratie !

Bureau Exécutif 2022 – 2024

Bureau Exécutif 2022 – 2024

D’CNEL ass frou iech de néie Bureau virzestellen ze kennen! 🤩

 

 

De 7. Dezember war et nees souwäit am Fieldgen, d’Vertrieder vun de verschiddene Lycéeën aus dem Land sinn zesumme komm fir d'(No)-Wale vum Bureau exécutif vun der CNEL.

Hire Mandat ass zwee Joer laang gülteg, de néie Bureau wäert dofir déi nächst zwee Joer d’Schüler an d’Schülerinnen aus de lëtzebuergesche Lycéeë representéieren.

 

 

  • Président – Dany Semedo (Lycée Hubert Clément Esch)
  • Vice-Présidente – Jennifer Timoteo (Atert Lycée Redange)
  • Vice-Présidente – Laly Chivard (Ecole Privée Fieldgen)
  • Secrétaire – Dan Ipatii (Lycée de Garçons Luxembourg)
  • Secrétaire – Yléna Freire Da Silva (École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette)
  • Coopté Premier – Marie-Brufina Leshwange-Mokita (Ecole Privée Sante Anne) a Ben Reyter (Lycée Aline Mayrisch)
  • Membre Bureau – Timothy O’Brien (Lycée Art et Métiers)

 

 

(Vir vu lenks no riets: Laly, Dany, Yléna, hanne vu lenks no riets: Ben, Dan, Marie, Timothy. (d’Jennifer feelt))

Mir wënschen dem néie Bureau vill Freed an Erfolleg an hiren néie Missiounen!  

Dir wëllt si gäre kontaktéieren? Schéckt eng Mail op info@cnel.lu