Author Archives: CNEL

CNEL Kongress am Forum Geesseknäppchen den 18. November 2022

CNEL Kongress am Forum Geesseknäppchen den 18. November 2022

Zenter 2 Joer, (an dëst Joer souguer ouni Mask a Ofstand) fënnt de CNELskongress statt. De CNELskongress ass do fir de Schüler déi an engem Schülercomité aktiv sinn ze weise wéi d’Fonctionnement vun der CNEL ass, wat hir Aufgaben als Member an der CNEL sinn an hinnen en Austausch mat anere Schüler aus Schülercomitéen aus dem ganze Land ze bidden.

Dëst Joer war et immens flott fir d’CNEL, well d’CNEL hire eegene perséinleche Rekord geknackt huet. Et ware 40 Lycéeën aus dem ganze Land dobäi representéiert duerch 87 Schüler ! Sou voll an esou vill aus sou villen Ecken aus dem Land hat d’CNEL nach ni am Sall ! Mir soen dofir de Schüler aus deene verschiddene Lycéeë villmools Merci fir hiert kommen, hiert matmaachen an hiert Engagement a mir hoffen iech och nach weiderhin an der CNEL ze gesinn!

Nodeems jiddwereen sech ageschriwwen huet a puer Infoblieder mat op de Wee kruten, ass et mol fir d’éischt drëms gaangen déi aner kennenzeléieren. Dofir ass et lass gaange mat enger kuerzer Begréissung a mat engem Menschebingo, do huet een zum Beispill een am Sall fanne mussen dee schonn an engem Lift agespaart war oder een dee mat senger Zong Nues beréiere kann. De Gewënner deen all d’Casen als éischte voll hat, krut den éischte Cupcake deen Nomëtten.

Duerno hunn Vizepresidenten, den Dany an d’Jennifer,  d’Mikroen an de Grapp geholl an sech op Bün gestallt. Si waren awer net laang eleng an hunn de ganze Büro vun der CNEL mat op d’Bün geruff, wou si sech an hir Funktioun an der CNEL virgestallt hunn. D’Jennifer an de Dany sinn duerno mat enger Presentatioun vun der CNEL weidergefuer fir de Participanten ze erkläre wat si déi nächst Méint erwaart falls si CNELsmember wëlle ginn, mee och wat déi lescht Méint a Joren an der CNEL geschafft gouf.

Duerno war et un de Participante bëssen ze schaffen. Si sinn a puer Gruppen agedeelt ginn a hunn sech ausgetosch wéi d’Schülercomitéswalen an de Lycéeën ofgelaf sinn a wéi eng Schoulen Demokratiewoch behandelt hunn. Bei sou Austausche kennt ëmmer rëm op dass et  an enger  handvolll Schoulen et ëmmer tipptopp leeft, mee bei villen aneren nach vill Loft no uewen ass.

Insgesamt ass eraus komm, vun de Schoulen déi present waren, dass a 27 Walen ofgelaf sinn an 13 Stéck hate keng. Do huet de Gréisstendeel vun de Schüler bericht dass et immens schwéier war Direktioun, de Begleeder oder Proffen ze motivéieren de Schülercomité an seng Funktioune virzestellen oder et och net ëmmer gewënscht ass. Bei puer ass och net richteg kommunizéiert gi wou een sech umelle ka falls een am Schülercomité well mat maachen. Et ass awer immens wichteg d’Schüler ze informéieren. Dofir krut och nëmmen e klenge Brochdeel vun der Schülerschaft mat fir sech ze engagéieren an deene Schoulen.

An aner Schoule si Schülercomitéswalen immens gutt gelaf, mat Walcampagnen a richtege Walkabinnen, digital oder op Pobeier. An anere Schoule konnte Schülercomitéswalen nëmmen duerchgefouert gi well glécklecherweis genuch Schüler vum aalem Schülercomité nach an der Schoul waren an sech mobiliséiert hunn d’Schüler ze motivéieren, well net vill Ënnerstëtzung vun der Schoul oder Direktioun koum. Verschidde Schüler hu leider och missen net esou flott Kommentare vum Schoulpersonal astiechen, nëmme well si sech gären an der Schoul engagéieren.

Am ganze groussen ass d’CNEL frou dass a sou ville Schoulen nees Wale stattfonnt hunn a vill Schüler sech an hire Schoulen engagéieren an dass trotz puer klenge Rëckschléih d’Schüler sech weider motivéieren an engagéieren. D’CNEL bléift och weiderhin um Ball de Schülercomitéë méi Visibilitéit an de Schoulen ze ginn !

Demokratiwoch déi agefouert gouf vum Educatiounsministère mat der  Zesummenaarbecht vum CEPAS, ZpB an der CNEL, ass awer leider net an all Schoul ukomm. Et huet ee rausfonnt dass nëmmen 10 Schoule Projeten opgestallt hunn am Kader vun der Demokratiewoch. Vill Schüler hunn vun der Demokratiewoch och nëmmen héiere well et an der CNEL kommunizéiert gouf, wou d’CNEL sech freet firwat verschidde Schoule richteg flott Projeten op Been gestallt kréien an anerer et ënnert den Teppech kieren ?

No deier Ronn sinn nach eng Kéier 3 Workshops ugebuede gi fir Participanten. An engem éischte konnten d’Schüler sech austausche wat hier zukünfteg Projeten am Schülercomité sinn a wéi eng Projeten si an der Vergaangenheet op Been gestallt hunn. Sou kennen si sech géigesäiteg inspiréieren, falls nach Iddie feelen.

An engem 2ten konnten si hier Meenung iwwert Primärschoulen ofginn, well de Ministère CNEL deemnächst eng Kéier zu deem Sujet consultéiert.

Beim Leschte konnten si hir Erwaardungen un d’CNEL lass ginn a wat Sujete sinn, déi si dëst Joer behandele wëllen.

Et gouf vill gezielt a gebraddelt, Zäit ass verflunn ! No 3 Stonnen ass et dunn awer Zäit gi fir de Schüler e Maufel s’iessen an ze drénken s’offréieren.

D’CNEL hofft et huet iech all gefall an dass een all zesummen e gudde Start an dat néit CNELs-Schouljoer huet an d’CNELS Missioun, d’Schüler a Schülerinnen am ganze Land ze representéiere, ze realiséieren mat ärer Hëllef!

Bildung in Luxemburg / Für mehr Demokratie in der Schule – Eltern und Schüler sollten gleichwertige Bildungspartner sein

👉 Wir Schüler sind nicht desinteressiert und wollen mitreden, mitorganisieren und mitentscheiden. 👈
Die Schülerkomitees seien wichtige Akteure in den Schulen. Der CNEL-Vizepräsident bedauerte es, dass diese in verschiedenen Schulen gar nicht oder nicht genug unterstützt werden. Das neue großherzogliche Reglement könne da Abhilfe schaffen, weil es den Schülerkomitees eine rechtliche Basis für ihre Arbeit biete. Lies de ganzen Artikel hei:  https://www.tageblatt.lu/headlines/fuer-mehr-demokratie-in-der-schule-eltern-und-schueler-sollten-gleichwertige-bildungspartner-sein/