+352406090333 info@cnel.lu

D’CNEL organiséiert all Joers véier sougenannten „Journées des comités d’élèves“ op regionalem Niveau, 1x am Norden, 1x am Süden an 2x am Zentrum fir all Schülercomité am Land.

Op dësen Schülercomitéë – Deeg kréien d’Schülercomitéë aus enger Géigend d’Méiglechkeet sech zu verschidden Thematiken ënnereneen auszetauschen an si kréien, do donieft, Informatiounen iwwert hier Rechter a Flichten als Schülervertrieder a weidert Wëssen fir mat op de Wee an hirer Schülercomitésarbescht. Fir gutt Laun ass natierlech och ëmmer gesuergt! 😁

Dës Journéeën fannen ëmmer mat der Ënnerstëtzung vun Restopolis statt a vun de jeeweilegen Lycéeën wou d’Journéeën stattfannen, hinnen e groussen Merci! 😃