Schülercomité: CNEL Weekend

De Reflexiounsweekend vun der CNEL ass een nationalen Treffen, den als Ziel huet, de Vertrieder aus den 41 Lycéeën d’Méiglechkeet ze ginn, sech iwwert wichteg Theme Gedanken ze maachen an Avis’en, Strategie’en a Prioritéiten auszeschaffen. Duerch de Konzept vun engem Weekend hunn d’Schülervertrieder déi néideg Zäit fir sech kreativ auszetauschen a sech an engem neutrale Kader, ausserhalb vun der Schoul, kennen ze léieren!