Category Archives: Activités

“Old meets new” – Den Iwwergang vum CNEL Virstand ass virbereet ginn

Wéi gewosst, huet d’CNEL säit dem 28 November ee neie Büro exekutiv.

Den 9. Januar huet sech den ehemolege Büro mam neie Büro getraff fir sech iwwer déi wichteg Roll vum Vertriedungsorgan vun der CNEL auszetauschen!

Vill ass diskutéiert ginn a vill Notte si geholl gi fir de neie Büro op hier Aufgab beschtméiglech virzebereeden!

Go CNEL go!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Pressecommuniqué Old meets new

 

Eng nei Ära fir d’CNEL

D’CNEL huet ee neie Virstand zesummengestallt vum Kimon Leners, Kelly Simon, Marie Wivenes, Alex Tosseng, Pit Meintz!

No 2 Joer intensiver a gudder Aarbecht am Interessi vun der Schülervertriedung, huet de Virstand 2015-17, zesummegestallt vum Max Bintener(LCD), Catia Biel (LGL), Lejla Mujkic (LMRL), Kimon Leners (LAM) a Pedro Mota (LTMA) de Wee fräi gemaach fir eng nei Equippe.

  • Ee ganz grousse MERCI un des 5 Leit fir hiren Engagement, Zäit a Motivatioun während dëse leschten 2 Joer !

Eng Ära geet zu Enn, mee eng nei steet eis befir!

An der CNEL Sëtzung vum 28. November ass de neie Virstand vun der CNEL vun de Schülervertrieder gewielt ginn.

 

Fir déi nächst 2 Joren ass de Virstand vun der CNEL 2017-19 zesummegestallt vun :

  • Kimon Leners aus dem LAM – President
  • Kelly Simon aus dem ALR – Vizepresidentin
  • Marie Wivenes aus dem LRSL – Vizepresidentin
  • Alex Tosseng aus dem LCD – Generalsekretär
  • Pit Meintz aus dem LMRL – Generalsekretär adjoint.

Der neier Equippe vun der CNEL bonne Chance fir hire Mandat!

(Vun lénks no riets: Alex Tosseng, Pit Meintz, Kimon Leners, Kelly Simon, Marie Wivenes)

 

Den 28 November war déi lescht CNEL Sëtzung fir dëst Joer, dofir sinn d’Vertrieder vun de Schülercomitéë am Schluss vun hirer Sëtzung, zesummen op de Chrëschtmaart gaangen an hunn op een erfollegräichen 2018 geprost !

CNEL mécht sech staark fir méi Matsproocherecht fir d’Schüler!

Vill Energie hunn d’CNEL Vertrieder d’lescht Schouljoer an hiren Avis zur Schoulreform gestach. Dovunner war een vun de wichtegsten Themen daat hinnen um Häerz loung an daat si och selwer direkt betraff huet: d’Stäerkung vun der Schülervertriedung op all de Niveau’en (an der Klass, an der Schoul an National).

Dofir hunn sech Gëschter CNEL Vertrieder mam Minister Meisch, wéi och mat enger rei Mataarbechter aus dem Ministère getraff fir iwwert dës Thematik ze diskutéieren.

Vum Ministère senger Säit goufen puer Projet’en an Initiativen virgestallt déi a vereenzelten Lycéeën stattfannen. D’CNEL Vertrieder hunn op hirer Säit op d’Besoin’en an op déi noutwendeg Ënnerstëtzungen fir d’Klassendelegéierten, d’Schülercomitéë an d’CNEL, higewisen, déi missten geschafen ginn.

Et wäert een laange Prozess ginn, fir de Schüler méi Matsproochméiglechkeeten ze garantéieren, mä de Wëllen ass do, esouwuel vun der CNEL Säit wéi och vu der Säit vum Ministère !

Affaire à suivre also …

Bichermaart 2017 – loading succeeded!

Lëschte Freiden, 15. September, huet d’CNEL zesumme mam Service Jeunesse vun der VdL de “Bichermaart 2017” organiséiert!

Trotz manner flott Wiederprognosen hunn eng 80 Schüler de Wee op d’Plëss fonnt wou si Bänken, Dëscher an Zelter zur Verfügung gestallt krute fir hier Bicher ze verkafen! Fir Animatioun ass och gesuergt gi mat gudder Musek!

Eemol méi war de Bichermaart ee flotte Rendezvous fir, esou kuerz virun der Rentrée, dem Portmonni eng Freed ze maachen!

Fir Iech puer Andréck vun dëser 3ter Editioun vum Bichermaart, ënnert der Verantwortung vun der CNEL, ze maachen, kennt dir op de Fotoalbum “Bichermaart 2017” klicken!

Merci un all déi, déi deen Dag Méiglech gemaach hunn an ee besonnesche grousse MERCI un d’Equipe vun der Vdl a vun der CNEL déi alles op- an ofgeriicht hunn!

See you next Year!