Category Archives: Activités

Bichermaart 2017

Bereits seit drei Jahren veranstaltet die Nationale Schülerkonferenz (CNEL) mit der Unterstützung der Stadt Luxemburg, den offiziellen “Bichermaart” in Luxemburg-Stadt auf der Place d’Armes, der dieses Jahr wieder am 15. September 2017 stattfinden wird.

Diese Veranstaltung bietet den Schülern die Gelegenheit ihre alten Schulbücher zu verkaufen, und denjenigen, die auf der Suche nach Schnäppchen sind, günstig ihre Schulbücher fürs kommende Schuljahr zu erwerben.

Ab 11 Uhr können die Teilnehmer kostenlos ihre Bücher verkaufen. Tische und Stühle, sowie  Zelte werden von der Stadt Luxemburg bereitgestellt (solange der Vorrat reicht). Neben Schulbüchern, worauf natürlich der Schwerpunkt liegt, kann man dort auch andere Arten von Büchern kaufen und verkaufen.

Ein Ereignis, das man also nicht verpassen sollte!

CNEL trefft d’Politesch Partei’en fir iwwert hiren Avis zur “Schoulreform” ze schwätzen

Ee vun de Kär Aarbechte vun der CNEL dëst Joer, war natierlech d’Ausschaffe vun engem Avis zur Schoulreform.

Während ville Méint hunn d’Schülervertrieder de Gesetzestext duerchgekuckt a gemeinsam Iddien an Iwwerleeungen zesummegeschriwwen.

Nodeems de Büro vun der CNEL den Avis “Schoulreform” dem Minister Meisch virgestallt hunn, mä awer och der Press, war et elo un d’Politesch Partei’en, fir iwwert d’Meenung vun de Schüler, zu dësem wichtege Gesetzestext, informéiert ze ginn.

D’CNEL Vertrieder waren de:

–> 12. Juni 2017  bei d’ADR;

–> 14. Juni 2017 bei der CSV;

–> 14. Juni 2017 bei “déi Gréng”;

–> 21. Juni 2017 bei “déi Lénk”;

–> 27. Juni 2017 bei der LSAP;

–> 10. Juli 2017 bei der DP.

   

Merci der CNEL 2016/17 fir dat flott an erfollegräich CNEL Joer

D’Summervakanz steet zwar virun der Dier, mä d’lëscht Woch hunn d’Schülercomitéesvertrieder sech nach Zäit geholl fir de Bilan vum Schouljoer 2016/17 ze maachen.

Am ganzen huet d’CNEL organiséiert:

  • 8 CNEL Sëtzungen
  • 9 BE Sëtzungen,
  • 3 Aarbechtsgruppen (Kommunikatioun, Anti-mobbing, Première Examen)
  • 4 Journée’en des comités d’élèves
  • 2 Weekend CNEL

Ausserdeem hunn d’CNEL Vertrieder verschidden Entrevue’en duerchgefouert:

  • 3 x mam Minister Meisch
  • 6 x mat de politesche Parteien
  • 1 x mat der FAPEL,
  • 1x mat der Jugendkonferenz (CGJL)

D’CNEL Vertrieder hunn un folgend Aktivitéiten deelgeholl:

  • Bichermaart 2016
  • Foire de l’étudiant mat eisem Concours
  • Visite CURIA
  • 5 Infosessiounen iwwert Première Examen

Een aneren “highlight” dëst Joer war deen éischten internationalen Austausch, wou d’CNEL Vertrieder sech mat der “Bundesschülervertretung” vun Éisträich treffen an austausche konnten.

–> D’Haaptaarbecht vun der CNEL dëst Joer war awer natierlech d’Ausschaffe vum Avis zur “Lycéesreform”.  Duerch dësen Avis war d’CNEL dëst Joer ganz vill an der Press präsent.

–> Der CNEL 2016/17 ee ganz grousse MERCI fir är gutt a vill Aarbecht a fir dat flott an erfollegräiche CNEL Joer!

 

 

     

Informatiounssessioune fir Deuxièmesschüler iwwert déi nei Première 2017/18- eng Demande vun der CNEL

Et war den 23. Mee 2017 wéi de Büro vun der CNEL sech mam Minister Meisch getraff huet fir Iwwert den Avis vun der CNEL zur Schoulreform ze schwätzen. Bei där Geleeënheet hunn d’Schülercomitéesvertrieder dem Minister nach eemol opmierksam gemaach, dat vill Deuxièmesschüler nach ganz vill Froen hätten iwwert den Oflaf vun der neier Première déi d’nächst Joer a Kraaft triede soll.

De Minister Meisch huet dorobber hin sech Bereet erkläert mat de Schüler ze schwätzen an op hier Froen ze äntweren.

–> 5 Rendez-vous goufe festgehale fir all Deuxièmesschüler aus dem ganze Land opzeklären.

20. Juni 2017 am Forum Geesseknäppche       fir d’Schüler aus dem AL a LAM

20. Juni 2017 am Forum Geesseknäppche       fir d’Schüler aus dem ALR, EPF, E2C, LJBM a LMRL

27. Juni 2017 am Lycée Bel Val                           fir d’Schüler aus dem LNB, LGE a LHCE

29. Juni 2017 an der Hall Victor Hugo              fir d’Schüler aus dem LGL, LRSL an dem Sportlycée

6. Juli 2017 an der Aller Seeërei                         fir d’Schüler aus dem LCD, LNW, LCE a LEM.

Am ganze goufen duerch dës Informatiounssessioun 1684 Deuxièmesschüler iwwert den Oflaf vun hire Premièresexamen informéiert.

De Minister Meisch huet den Oflaf vun der neier Première presentéiert an erkläert a CNEL Vertrieder hunn Moderatioun vun dësen Treffen assuréiert.

D’CNEL ass houfreg dozou bäigedroen ze hunn, dat all d’Schüler, déi de 15. September 2017 op eng Première kommen, rechtzäiteg informéiert gi sinn.