D’CNEL seet senge Membere Merci fir hiert Engagement an dësem weidere spezielle Joer a wënscht all de Schüler eng schéi Vakanz! 🤗

D’CNEL seet senge Membere Merci fir hiert Engagement an dësem weidere spezielle Joer a wënscht all de Schüler eng schéi Vakanz! 🤗

Och dëst war keen normaalt d’Joer fir d’CNEL, d’Versammlungen an d’Aarbechtsgruppen hunn nach missten online gehale ginn, et gouf kee CNEL’sweekend an och déi traditionell Journéeën des comités des élèves hu missten duerch online Formatiounen ersat ginn.

Mee dat huet net geheescht dass d’CNEL roueg bliwwen ass. D’Mental Gesondheet vu de Schüler hat eng wichteg Platz dëst Joer an der CNEL, e Live-Chat mam Educatiounsminister gouf gehalen, d’CNEListen hunn eng Ausstellung entworf iwwert Mental Gesondheet déi ënnert anerem am Kader vum Projet Well Being an de Rotonde ze gesi war, d’CNEL huet zesumme mam CEPAS an anere Jugendorganisatioune Campagne actforsupport an d’Liewe geruff an um Jugenddesch war d’CNEL mat hirem Avis present.

Mee net nëmmen Thema Mental Gesondheet hat an der CNEL eng Platz, sou huet ee sech iwwert Theme wéi Lëtzebuerger Sprooch an de Schoulen a d’Kompetenze vum 21. Joerhonnert an den Aarbechtsgruppen ausgetosch, d’CNEL huet de Klimarapport nach eng Kéier duerch geholl an sech mat den zoustännege Ministeren zwee mol getraff fir de Punkt ze maachen, et sinn 2 Avise verëffentlecht ginn a nach villes méi! Merci dofir! 😉

Bis gléich an der Rentrée! ☺️