Journées des Comités d’élèves 2020

Zenter e puer Joer organiséiert d’CNEL schonn hier traditionell Journées des Comités d’élèves, déi dëst Joer Ufank 2020 statt fonnt hunn.

Des Journéeë sinn do fir de Membere vun de verschidde Schülercomitéen d’Méiglechkeet ze ginn sech auszetauschen an eppes vuneneen ze léieren.  🙂

Déi éischt Journée hunn mir am Lycée l International School Michel Lucius gehalen, déi zweet am Forum Geesseknäppchen, fir den Norde ware mir am Lycée Technique d’Ettelbrück a fir de Süden am Lycée Bel-Val.

Am ganzen hunn iwwert 180 Schüler matgemaach aus 33 verschiddene Lycéën!

D’Schüler hunn e Quiz gemaach iwwert hier Flichten a Rechter am Schülercomité, konnten sech austauschen, virun allem iwwert hier Schülercomitéprezenz an hier Kommunikatioun ënnert sech, awer och mat aneren Acteuren a wéi si hier Aktivitéite méi siichtbar an der Schoul kenne mann fir souvill wéi méiglech Schüler unzespriechen.

No der Mëttespaus war hier Kreativitéit och gefrot, Superdreckskëscht huet hinnen nämlech gewise wéi en en Schiebefilm iwwert Nohaltegkeet kann dréine wou mir all op Resultater gespaant sinn.

D’CNEL hofft iech huet et grad esou gutt gefall wéi eis an dass mir eis fir eng nächst Editioun 2021 kenne gesinn! 🙂

 

 

[rl_gallery id=”25240″]