CNEL zu Bréissel mat der Steirischer Landesschülervertretung

Ufank Mäerz war eng Delegatioun vun CNEListen zu Bréissel, fir en Austausch mat der Steirische Landeschülervertretung ze maachen, liest hei puer Erfarungsberichter vun eisen CNEListen!

😏🇪🇺🇱🇺🇦🇹🇧🇪😏

 

⬇️⬇️⬇️
—————————————————————————–

Eine Abendwanderung durch eine Millionenstadt, belgische kulinarische Spezialitäten, bildungspolitische Diskussionen und 23 Österreicher in Volkstracht- was zunächst wie ein Fiebertraum klingt, war die gelebte Realität des zweitägigen Ausflugs der CNEL nach Brüssel.

Highlight dieser Reise waren natürlich die Treffen mit der Delegation der steirischen Landesvertretung. Geprägt war dieses Beisammen kommen durch tiefgründige Austausche über Bildungssysteme, Schülervertretung, Feierkultur, Bräuche, Innenpolitik, Braukünste und EU.

Nach mehreren Stunden des freudigen Diskutierens ging unsere luxemburgische Delegation dann an Erfahrung reicher und um dutzenden Kugelschreibern ärmer vergnügt nach Hause.

V.

—————————————————————————–

Ce voyage a été une bonne expérience pour notre vie où nous avons pu faire la connaissance d’un groupe de jeunes étudiants ayant environ le même âge et les mêmes occupations (comité des élèves/conférence nationale des élèves) que nous mais habitant dans un autre pays (Autriche). Ce qui nous à donc permis d’enrichir notre connaissance envers d’autres cultures et aussi à avoir de nouvelles idées pour ainsi mieux faire fonctionner nos comités de élèves et notre Conférence nationale des élèves du Luxembourg.

S.

—————————————————————————–

« Nodeems mer bal alleguerten de Wee bis op den 1. Quai op d’Gare an der Stad fonnt hunn, hu mer den Zuch bis op Arel geholl a vun do aus mat 2 weidere CNEListe weider op Bréissel gefuer.

An der Haaptstad vun Europa ukomm, hunn mer eis direkt am Hostel breet gemaach. Wéi et sech an der Belsch gehéiert hunn mir eng gutt Fritt am Zentrum genoss.

Vue datt mir ee “Local” dobäi haten, krute mir dunn och nach Visite guidée vu Bréissel bei Nuecht. Op der Grand Place, wou och d’Gemeng an aner historesch Gebaier stinn, hunn mir e puer Minutte verbruecht an och schéi Foto’en geknipst. De Manneken Pis dierf een zu Bréissel awer och net verpassen. Fir den Owend ofzeschléissen hunn mer nach gemittlech eppes zesumme gedronk. A wéi den Zoufall et wollt souzen d’Steirisch Schülervertretung, mat der mir eis den Dag drop sollten an der Steirëscher Ambassade treffen, am selwechte Lokal wéi mir, dunn war den Owend perfekt.

Alleguerten e bësse midd laanscht eng Säit, si mir eis dunn an den Hostel gaangen.
Den Donneschden huet richteg gutt gestart, nämlech réischt um 9 Auer. Nodeems mer all de Bauch gutt gefëllt haten, si mer dunn mam Bus an déi Steirësch Ambassade gefuer, do hunn eis Éisträichesch Kolleege scho mat vill Virfreed erwaart. Fir unzefänke si mir häerzlech Wëllkomm geheescht ginn a kruten Éisträich mat enger wonnerbarer Presentatioun virgestallt. Och sportlech Aktivitéite wéi e Crashcours am typesch éisträichesche Walzer hunn mir gebuede kritt.

No enger kuerzer Paus hunn mir dunn den Éisträicher Schülervertrieder Lëtzebuerg erkläert a firwat mir do stinn, wou mer stinn.
Uschléissend hate mir dunn iwwert d‘Mëttesstonn en kulinareschen Austausch, woubäi mir och en richteg interessanten Austausch iwwert déi verschidde Studenteliewen haten.

Fir den Dag awer och produktiv ze sinn, hate mir dunn iwwer 2 Stonne verschidde Worldcafé’en, wou mer Ënnerscheeder an der Kultur, an der Schoul an och Aspekter vun der Schülervertriedung vun den 2 Länner festgehalen hunn.
Mir haten en richteg aktiven a produktiven Austausch mat de Schülervertrieder aus Éisträich.

Fir den Dag, eist Treffen an de ganzen Trip ofzeschléissen, hunn mir zesummen ugestouss.

Mir soen der Steirischer Schülervertretung e risege grousse Merci fir de richteg interessanten Austausch a mir freeën eis op ee Rëmgesinn. Villäicht an der Steiermark? »

L.