Category Archives: Activités

New Edition „Weekend CNEL 2018“

Den 3 a 4 Mäerz 2018 haten sech 31 Vertrieder aus 20 Lycéeë fir den traditionelle Reflexiouns-Weekend vun der CNEL am Jugendzenter Mariendall getraff! Wärend dësen 2 Deeg hunn sech d‘Schülerspriecher Zäit geholl fir iwwert verschidden Themen ze diskutéieren, déi d’Aarbecht an der CNEL, mä awer och an hire respektive Schülercomitéë verbessere soll!

Déi éischt Aufgab déi d’CNEL’iste wärend dem Weekend ze meeschteren haten, war sech iwwert den ideale Schoulspriecher Gedanken ze maachen? Wat fir eng Eegenschaften si wichteg, fir sech fir Matschüler ze engagéieren? Wärend engem ganz kreative Workshop konnten sech d’CNEL’iste austoben.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Dat 2t Thema vum Weekend war d’Kommunikatioun! Ëmmer erëm gëtt dat Thema vun der Kommunikatioun an den Aktivitéite vun der CNEL opgegraff, well dat fundamental wichteg ass fir dat de Schülercomité an d’CNEL méi präsent a visibel gëtt! Och hei hunn d’Schülervertrieder Geleeënheet genotzt fir sech iwwert eng Kommunikatiounsstrategie Gedanken ze maachen andeems si Fotoen, Video’en an Texter missten ausschaffen! Dës Aktivitéite waren och mat ville witzege Momenter verbonnen!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Den 2ten Dag hunn d’CNEL’iste sech mat der Schoulreform an den ieweschte Klasse vum “Enseignement Secondaire Général (ESG)” beschäftegt! Wärend engem Worldcafé huet de Virstand vun der CNEL de wäertvollen Input vun de Participante gesammelt! Dësen éischten Austausch war d’Basis fir d’Ausschaffe vum Avis vun der CNEL zur Schoulreform am ESG (fréieren Technik).

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Am leschten Deel vum Weekend hunn d‘Schülervertrieder dunn eng Analyse gemaach vun de Schwieregkeeten déi si an der Aarbecht mat hirem Comité bewältege mussen. Och hei war Austausch a Kreativitéit gefuerdert!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Eemol méi war dëse Weekend ee wichtege Rendez-vous fir dat sech Schülervertrieder mat vill Spaass a gudder Laun austausche konnten. Ausserdeem konnt d’Schülerkonferenz duerch dëse Weekend wichtegen Input sammele fir seng Aarbecht fir de Recht vum Schouljoer ze organiséieren!

Merci un de Luis Santiago an d’Sheila Ewen fir hiren Asaz a natierlech ee grousse MERCI un d’Schülervertrieder déi präsent waren an dozou bäigedroen hunn dat dëse Weekend esou flott an erfollegräich ginn ass.

  • D‘ Engagement vun de Schülervertrieder ass heldenhaft! Dat soll ni vergiess ginn!

Fir méi Fotoe vum Weekend ze gesinn, klickt  hei !

 

Journée des comités d’élèves 2017/18 – “the conclusion”

Déi traditionell « Journées des comités d’élèves » vun der CNEL sinn fir dëst Joer ofgeschloss !

4 Rendez-vous stoungen um Programm:

  • Den 1.ten Dezember 2017 am Lycée Technique Hotelier Alexis Heck (LTHAH) fir d’Schülercomitéen aus dem Norden;
  • De 5. Dezember 2017 am Forum Geesseknäppchen fir d’Schülercomitéen aus dem Zentrum, wou de Lycée de l‘ Athenée, d’Journée „gehost“ huet;
  • Den 12. Januar 2018 am Lycée de Garçons Esch fir d’Schülercomitéen aus dem Süden;
  • Den 26. Januar 2018 am Lycée des Arts et Métiers fir d‘Schülercomitéen vum Lampertsbierg.

–> Un der Editioun 2017/18 vun de „Journées des comités d’élèves“ hunn am ganzen 193 Schülervertrieder aus 31 Lycéeën queesch duerch d’Land deelgeholl!

Während de jeeweilege Journéeën kruten d’Schülervertrieder Basis Informatiounen, déi hinnen am Alldag am Schülercomité hëllefe sollen. Esou Deeg sinn awer och wichteg fir de Schülervertrieder d’Méiglechkeet ze ginn, sech kennen ze léieren, sech auszetauschen an vun eneen ze léieren!

Op all dëse Plaze konnt d’CNEL ëmmer mat der Ënnerstëtzung vun de jeeweilege Schülercomitéen aus dem „Host“ Lycée, hiren Direktiounen an natierlech hirem technesche Personal zielen!

Während dësen Austauschdeeg sinn d’Schülervertrieder ëmmer gutt bekäschtegt ginn, am Norde vun de Schüler aus der Hotelsschoul an op den 3 aner Plaze vu Restopolis, déi wéi all Joer d’CNEL bei dësen Aktivitéiten ënnerstëtzt!

An last but not least, ouni d’Energie an d’Motivatioun vun eise 4 Formateure géifen dës Journéeën och net kënne zestane kommen!

D’CNEL seet all de Leit, déi zu dësen Deeg an iergend enger Form bäigedroen hunn, ee ganz grousse MERCI!

Fir d’Fotoe vun de 4 Journéeën ze kucken, kennt dir bei eis op Facebook goen : https://www.facebook.com/conferencenationaledeselevesduluxembourg/

CNEL_JCE_2017-2018 Affiche PDF

   

 

 

 

 

Grouss Jugendemfro- maacht mat!

Am Kader vum Dialogue Structuré (DS) huet de Nationalen Aarbechtsgrupp, wou d’CNEL ee wichtegen Member ass, eng grouss JUGENDEMFRO gestart. Dës Ëmfro déngt dozou deenen jonken vun Lëtzebuerg hir Ideen ze sammelen wéi si hir Zukunft gesinn an waat si vun Nationalen an Europäeschen Politiker erwaarden.

–> Et wir eis wichteg dass esou vill wi méiglech Jonker matmaachen fir dass mir mat enger repräsentiver Äntfert bei di politesch Responsable kënnen goen.

Link Facebook Event: http://bit.ly/jugendemfro

Link Jugendëmfro Lëtzebuergesch: https://www.surveymonkey.com/r/Jugendemfro

Link Jugendëmfro Englesch: https://www.surveymonkey.com/r/YouthInquiry

Link Jugendëmfro Franzéisch: https://www.surveymonkey.com/r/dialoguejeunesse

Am viraus ee grousse MERCI fir d’’Matmaachen a bonne chance!