+352406090333 info@cnel.lu

 

Wëllkomm op eisem CNEL-Site!

CNEL-NEWS

CNEL Kongress am Forum Geesseknäppchen den 18. November 2022

CNEL Kongress am Forum Geesseknäppchen den 18. November 2022 Zenter 2 Joer, (an dëst Joer souguer ouni Mask a Ofstand) fënnt de CNELskongress statt. De CNELskongress ass do fir de Schüler déi an engem Schülercomité aktiv sinn ze weise wéi d’Fonctionnement vun der CNEL...

read more

Der Druck ist groß

„Wie können junge Menschen studieren und gute Leistungen erbringen, wenn man sich nicht um ihre psychische Gesundheit kümmert?“ Dany Semedo, Student und stellvertretender Vorsitzender der CNEL Lies hei den ganzen Artikel op ENG, FR oder DE:...

read more

De Dany Lopes Semedo, Vizepresident vun der nationaler Schülerkonferenz CNEL, war de Moien Invité vun der Redaktioun op RTL Radio Lëtzbeuerg. Si zéie mat him de Bilan vun dësem Schouljoer a schwätzen iwwer d'Projeten, mee och d'Erausfuerderunge vun der CNEL an de...

read more
Kontakt
Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg
87, route de Thionville 2611 Luxembourg

info@cnel.lu

+352 406090-333

@cnellux op Facebook Instagram

What's Next? 🙂
De Wee fir bis bei d'CNEL

D’CNEL ass an der Maison de la Jeunesse zu Bouneweeg, net wäit vum LTB. Dir kommt an 15 Minutten ze Fouss vun der Gare aus bis heihinner, oder mam Tram bis den Arrêt Lycée Bouneweg.

D’Entrée ass am Bannenhaff an d’CNEL befënnt sech um 2. Stack beim Jugendrot.

 

 

D'CNEL sicht dech!

Du bass motivéiert deng Schoul matzegestalten? Du setz dech gär fir deng Matschüler an?  Du sammels gär nei Erfahrungen a wëlls deng Meenung soen? Du iwwerhëls gär méi Verantwortung?

👉 Da bass DU genee dee Richtegen fir an de Schülercomité!

Informéier dech op dëst Joer Walen an denger Schoul stattfannen a maach mat! All 2 Joer si Walen fir de Schülercomité an all Lycée zu Lëtzebuerg. Kandidate sinn emmer wëllkomm, an et ass nie ze fréi fir  sech fir sech selwer an aanerer anzesetzen!

Wiel och du mat däi Comité oder setz dech selwer op fir matzemaachen – de Schülercomité vertrëtt d’Interête vu sénge Schüler bei der Schoul an awer och op nationalem Niveau duerch d’CNEL.

CNEL – de “nationale” Schülercomité

Vun all Schülercomité ginn 2 Memberen deleguéiert fir an déi national Schülerkonferenz ze kommen.

Op reegelméissege Réunioune gi Positiounen ausgeschafft zu Themen op nationalem Niveau. Och gi reegelméisseg Formatiounen organiséiert fir Membere vu Schülercomitéën ze stärken!

Feedback ass emmer erwënscht!

D’National Schülerkonferenz zielt op dech fir d’Stëmm vun de Schüler nach méi staark ze maan. 💪