NEWS
CNEL goes international: European Pupils Nation (EPU)
CNEL goes international: European Pupils Nation (EPU) D’CNEL war nees international aktiv: Mir si vun der Schülerunion Österreich invitéiert gi fir d’EPU (European Pupils Union) bäizetrieden. An dem Kader si mir vum 14. Abrëll bis de 16. Abrëll op Wien geflunn. D’Laly...
read moreMir brauchen dech: Kreéier eis e Logo fir d’Woch vun der Demokratie! 🙂
Am Kader vun der Demokratiewoch an de Lycéeë lancéieren de CePAS zesumme mat der CNEL an dem ZpB e Concours fir e Logo fir Demokratiewoch ze fannen! Dee Concours riicht sech un all Schüler hei am Land. Dem Gewënner säi Logo gëtt fir déi folgend Demokratiewochen am...
read moreKannerrechter: Participatioun, Schutz a Fërderung
Eng Live-Diskussioun vum SCRIPT a radio 100,7 mat Experten a Jonken vun der CNEL. Lauschtert hei eran: https://www.100komma7.lu/program/episode/428282/202301311403-202301311530 ...
read moreMobbing an der Schoul: E Thema dat der CNEL no méi eescht geholl soll ginn.
Mobbing an der Schoul: E Thema dat der CNEL no méi eescht geholl soll ginn. 👉 Kuck oder lies de Reportage vu RTL wou d’Vizepresidentin vun der CNEL matgemaach huet. Hei op lëtzebuergesch: https://www.rtl.lu/news/national/a/2011742.html Hei op franséisch:...
read moreBureau Exécutif 2022 – 2024
Bureau Exécutif 2022 – 2024 D’CNEL ass frou iech de néie Bureau virzestellen ze kennen! 🤩 De 7. Dezember war et nees souwäit am Fieldgen, d’Vertrieder vun de verschiddene Lycéeën aus dem Land sinn zesumme komm fir d'(No)-Wale vum Bureau...
read moreHei den Avis iwwert Premiersexamen déi d’CNEL Enn Oktober dem Educatiounsminister zoukomme gelooss huet. Wei dir am Avis gesitt, huet d’CNEL gefrot puer Deeg virun den Exame fräi ze kréien, net fir de Kalenner ze änneren, och wann si déi Entscheedung...
read moreKontakt
What's Next? 🙂
Schülercomitéswalen an de Lycéën 21.-25. Oktober
Kongress CNEL 22. November @Forum Geeseknäppchen
Walen CNEL 10. Dezember @ Fieldgen
Séminaire participatif pour partenaires de l’Éducation nationale : Communication école-famille et collaboration interdisciplinaire, organisé par le Service de médiation scolaire en collaboration avec la CNEL 3. Dezember @ Hotel Alvisse
De Wee fir bis bei d'CNEL
D’CNEL ass an der Maison de la Jeunesse zu Bouneweeg, net wäit vum LTB. Dir kommt an 15 Minutten ze Fouss vun der Gare aus bis heihinner, oder mam Tram bis den Arrêt Lycée Bouneweg.
D’Entrée ass am Bannenhaff an d’CNEL befënnt sech um 2. Stack beim Jugendrot.
D'CNEL sicht dech!
Du bass motivéiert deng Schoul matzegestalten? Du setz dech gär fir deng Matschüler an? Du sammels gär nei Erfahrungen a wëlls deng Meenung soen? Du iwwerhëls gär méi Verantwortung?
👉 Da bass DU genee dee Richtegen fir an de Schülercomité!
Informéier dech op dëst Joer Walen an denger Schoul stattfannen a maach mat! All 2 Joer si Walen fir de Schülercomité an all Lycée zu Lëtzebuerg. Kandidate sinn emmer wëllkomm, an et ass nie ze fréi fir sech fir sech selwer an aanerer anzesetzen!
Wiel och du mat däi Comité oder setz dech selwer op fir matzemaachen – de Schülercomité vertrëtt d’Interête vu sénge Schüler bei der Schoul an awer och op nationalem Niveau duerch d’CNEL.
CNEL – de “nationale” Schülercomité
Vun all Schülercomité ginn 2 Memberen deleguéiert fir an déi national Schülerkonferenz ze kommen.
Op reegelméissege Réunioune gi Positiounen ausgeschafft zu Themen op nationalem Niveau. Och gi reegelméisseg Formatiounen organiséiert fir Membere vu Schülercomitéën ze stärken!
D’National Schülerkonferenz zielt op dech fir d’Stëmm vun de Schüler nach méi staark ze maan. 💪