CNEL-NEWS
Avis zu de leschten zwou Wochen Schoul vum Secondaire am Schouljoer 2019-2020
Avis zu de leschten zwou Wochen Schoul vum Secondaire am Schouljoer 2019-2020 De Bureau vun der CNEL konnt der CNEL hiren Avis zu de leschten zwou Wochen Schoul vum Secondaire am Schouljoer 2019-2020 dem Educatiounsminister virstellen. Liest den Avis hei: Avis zu de...
read morePress: Kloertext Schoul a Corona-Zäiten
Kuckt eran an de Kloertext vum 22. Mee 2020, wou de CNEL-President Kimon Leners vertrueden ass an iwwert d’Schoul a Corona Zäiten schwetzt! 😃💪 RTL Kloertext...
read morePress: Déi national Schülerkonferenz, och CNEL genannt, gesäit eng Rei Probleemer bei der Schoulrentrée am Mee an de Lycéeën
Déi national Schülerkonferenz, och CNEL genannt, gesäit eng Rei Probleemer bei der Schoulrentrée am Mee an de Lycéeën. RTL 04.05.2020 Hei den Link: https://www.rtl.lu/news/national/a/1511005.html
read moreAvis zu der Schoulrentrée am Mee
Avis zur Schoulrentrée am Mee D’CNEL, déi national Schülerkonferenz, gesäit an dëser schwiereger Zäit vum Covid-19 eng Rei Problemer bei der Schoulrentrée am Mee. D’Schüler stellen sech nach eng Partie Froen a hu Bedenken nieft hirer Angscht déi se nach hunn....
read morePress: CNEL – Wéi ka Schoul gehale ginn, ouni gesondheetlech Risiken?
RTL 22.04.2020 Hei den Link: CNEL - Wéi ka Schoul gehale ginn, ouni gesondheetlech Risiken?...
read moreJugend Emfro: Mental gesondheet a Wuelbefannen
Jugendëmfro 2020: Deng Meenung zielt! http://bit.ly/LUYD2020 Maach mat bis den 20.04.! Famill, Frënn, (digitaalt) Liewen an Schoul, dorëm dréien eis Froen un DECH. So eis deng Meenung zum Thema "Mental Gesondheet a Wuelbefannen" nach bis den 20.04. >>>...
read moreKontakt
What's Next? 🙂
Reunion de 7.Oktober
Reunion de 17.November
De Wee fir bis bei d'CNEL
D’CNEL ass an der Maison de la Jeunesse zu Bouneweeg, net wäit vum LTB. Dir kommt an 10 Minutten ze Fouss vun der Gare aus bis heihinner, oder mam Bus wou dir entweder vun der Gare aus op den Arrêt Neufchateau fuert: 144, 170, 172, 192, 194, 195 oder op de Rotonden den 29, 27 huelt, oder op der Paräisser Plaz den 3 oder den 30 huelt (bei deem musst der dann beim LTB rausklammen).
D’Entrée ass am Bannenhaff an d’CNEL befënnt sech um 2. Stack beim Jugendrot.
D'CNEL sicht dech!
Du bass motivéiert deng Schoul matzegestalten? Du setz dech gär fir deng Matschüler an? Du sammels gär nei Erfahrungen a wëlls deng Meenung soen? Du iwwerhëls gär méi Verantwortung?
👉 Da bass DU genee dee Richtegen fir an de Schülercomité!
Informéier dech op dëst Joer Walen an denger Schoul stattfannen a maach mat! All 2 Joer si Walen fir de Schülercomité an all Lycée zu Lëtzebuerg. Kandidate sinn emmer wëllkomm, an et ass nie ze fréi fir sech fir sech selwer an aanerer anzesetzen!
Wiel och du mat däi Comité oder setz dech selwer op fir matzemaachen – de Schülercomité vertrëtt d’Interête vu sénge Schüler bei der Schoul an awer och op nationalem Niveau duerch d’CNEL.
CNEL – de “nationale” Schülercomité
Vun all Schülercomité ginn 2 Memberen deleguéiert fir an déi national Schülerkonferenz ze kommen.
Op reegelméissege Réunioune gi Positiounen ausgeschafft zu Themen op nationalem Niveau. Och gi reegelméisseg Formatiounen organiséiert fir Membere vu Schülercomitéën ze stärken!
D’National Schülerkonferenz zielt op dech fir d’Stëmm vun de Schüler nach méi staark ze maan. 💪
