NEWS
Premieren Avis
Fir Premiersschüler: D’CNEL, déi national Schülervertriedung ass sech der Problematik vum Wiessele vun den Examensfächer bewosst. D’CNEL huet de Ministère dofir scho viru puer Méint kontaktéiert, krut awer de 26. Mäerz eng negativ Äntwert. Vue que...
read moreDer CNEL hiren Avis an der Press
100komma7 Walrecht ab 16 an Integratioun vun der KI: d’CNEL mat Fuerderungen un d’Regierung https://www.100komma7.lu/news/Walrecht-ab-16-an-Integratioun-vun-der-KI-d-CNEL-huet-hir-Fuerderungen-un-d-Regierung-presenteiert?pd=radio RTL Lëtzebuerg President...
read moreAvis CNEL – Le lycée de demain : Recommandations pour le nouveau gouvernement sur l’éducation et la participation des élèves
AVIS DE LA CONFERENCE NATIONALE DES ELEVES DU LUXEMBOURG (CNEL) Le lycée de demain : Recommandations pour le nouveau gouvernement sur l’éducation et la participation des élèves Lies en hei: AVISCNEL2024 ...
read moreVeggie Monday: Brokkoli ass sexy!
Ëmfro fir e Veggie Monday an ärer Schoul! Léif Membere vum Schülercomité, eemol an der Woch stinn an de Kantinne vum Kolléisch, vum Lycée Michel Rodange a vum Lycée Aline Mayrisch ausschliisslech vegetaresch Alternativen zur Auswiel. De sougenannte “Veggie...
read moreBureau Exécutif 2024
Am Dezember gouf et e klenge Wiessel am Bureau vun der CNEL, et hunn Nowalen statt fonnt fir de Vize-President an néi Memberen engagéieren sech am Bureau: Président – Dany Semedo (Lycée Hubert Clément Esch) Vice-Président – Timothy O’Brien (Lycée Art et...
read more25 Joer CNEL
1998 ass de Reglement grand-ducal vun der CNEL a Kraaft getrueden, also genau viru 25 Joer. Dofir huet de aktuelle Büro e flotten Nomëtten organiséiert mat den aktuellen a fréiere CNEListen, mam Minister Claude Meisch an e puer Gäscht.🥳🎂🍾 D’CNEL seet Merci un...
read moreKontakt
What's Next? 🙂
D’YEP! Schoulfoire vum 21. bis de 24. Abrëll 2024 an der Luxexpo
De Wee fir bis bei d'CNEL
D’CNEL ass an der Maison de la Jeunesse zu Bouneweeg, net wäit vum LTB. Dir kommt an 15 Minutten ze Fouss vun der Gare aus bis heihinner, oder mam Tram bis den Arrêt Lycée Bouneweg.
D’Entrée ass am Bannenhaff an d’CNEL befënnt sech um 2. Stack beim Jugendrot.
D'CNEL sicht dech!
Du bass motivéiert deng Schoul matzegestalten? Du setz dech gär fir deng Matschüler an? Du sammels gär nei Erfahrungen a wëlls deng Meenung soen? Du iwwerhëls gär méi Verantwortung?
👉 Da bass DU genee dee Richtegen fir an de Schülercomité!
Informéier dech op dëst Joer Walen an denger Schoul stattfannen a maach mat! All 2 Joer si Walen fir de Schülercomité an all Lycée zu Lëtzebuerg. Kandidate sinn emmer wëllkomm, an et ass nie ze fréi fir sech fir sech selwer an aanerer anzesetzen!
Wiel och du mat däi Comité oder setz dech selwer op fir matzemaachen – de Schülercomité vertrëtt d’Interête vu sénge Schüler bei der Schoul an awer och op nationalem Niveau duerch d’CNEL.
CNEL – de “nationale” Schülercomité
Vun all Schülercomité ginn 2 Memberen deleguéiert fir an déi national Schülerkonferenz ze kommen.
Op reegelméissege Réunioune gi Positiounen ausgeschafft zu Themen op nationalem Niveau. Och gi reegelméisseg Formatiounen organiséiert fir Membere vu Schülercomitéën ze stärken!
D’National Schülerkonferenz zielt op dech fir d’Stëmm vun de Schüler nach méi staark ze maan. 💪