Eng nei Ära fir d’CNEL

D’CNEL huet ee neie Virstand zesummengestallt vum Kimon Leners, Kelly Simon, Marie Wivenes, Alex Tosseng, Pit Meintz!

No 2 Joer intensiver a gudder Aarbecht am Interessi vun der Schülervertriedung, huet de Virstand 2015-17, zesummegestallt vum Max Bintener(LCD), Catia Biel (LGL), Lejla Mujkic (LMRL), Kimon Leners (LAM) a Pedro Mota (LTMA) de Wee fräi gemaach fir eng nei Equippe.

  • Ee ganz grousse MERCI un des 5 Leit fir hiren Engagement, Zäit a Motivatioun während dëse leschten 2 Joer !

Eng Ära geet zu Enn, mee eng nei steet eis befir!

An der CNEL Sëtzung vum 28. November ass de neie Virstand vun der CNEL vun de Schülervertrieder gewielt ginn.

 

Fir déi nächst 2 Joren ass de Virstand vun der CNEL 2017-19 zesummegestallt vun :

  • Kimon Leners aus dem LAM – President
  • Kelly Simon aus dem ALR – Vizepresidentin
  • Marie Wivenes aus dem LRSL – Vizepresidentin
  • Alex Tosseng aus dem LCD – Generalsekretär
  • Pit Meintz aus dem LMRL – Generalsekretär adjoint.

Der neier Equippe vun der CNEL bonne Chance fir hire Mandat!

(Vun lénks no riets: Alex Tosseng, Pit Meintz, Kimon Leners, Kelly Simon, Marie Wivenes)

 

Den 28 November war déi lescht CNEL Sëtzung fir dëst Joer, dofir sinn d’Vertrieder vun de Schülercomitéë am Schluss vun hirer Sëtzung, zesummen op de Chrëschtmaart gaangen an hunn op een erfollegräichen 2018 geprost !