+352406090333 info@cnel.lu

Timeline CNEL

Du hues dech schonn ëmmer gefrot wat d’CNEL déi lescht Joer esou gestiicht huet oder säit wéini et d’CNEL gëtt? 🤔

D’CNEL huet an deenen leschten Joren puer Erfolleger konnten féieren, hei an dëser Timeline hunn mir puer Stéchdatumer zréckbehalen.

Villäicht dréis du geschwënn och zu engem Punkt bei wous du dech fir d’Schüler engagéiers a deen hei deemnächst kann dobäi gesat ginn! 🙌

 

 

 

D'CNEL (Conférence Nationale des Éleves du Luxembourg) entsteet
D'CNEL formuléiert en Upassungsvirschlag fir dat groussherzoglecht Reglement vum Mäerz 1998 iwwer d'Organisatioun vun der nationaler Schülerkonferenz
Fir Meenungsbildung a Meenungsäusserung bei de Schüler a punkto Schoulreform ze ënnerstëtzen, hunn d'CNEL, d'UNEL a d'Jugendparlament eng Campagne gestart: „Deng Meenung zielt! Maach mat!!“
Den alleréischte Büro Exekutiv vun der CNEL gëtt gewielt an d'CNEL kritt en néit "Doheem" beim Jugendrot (deemools CGJL)
Streik 6670 : D'CNEL huet sech bedeelegt andeems si virun allem Lycéesschüler iwwert de Streik opgekläert hunn a si motivéiert hunn matzemaache fir sech fir hier Zukunft anzesetzen.

Foto Télécran Mee 2014

Foto Streik.lu

De néie Reglement grand-ducal vun der nationaler Schülerkonferenz trëtt a Kraaft an d'CNEL kritt en néie Logo.
Bichermaart
D'CNEL huet sech fir d'Ofschlossklassen agesat a hunn e Kompromëss mam Educatiounsminister fonnt fir d'Organisatioun vun den Ofschlossexamen
D'CNEL huet an de Joren 2016/2017 Stellung zu der Schoulreform geholl, andeems si Avise verfaasst hunn, verschidde Pressekonferenzen aberuff hunn an den Dialog mam Educatiounsministère gesicht hunn fir d'Interessi vun de Schüler ze sécheren
Nodeems am Mäerz 2019 bal 15.000 Schüler op der Strooss waren, fir fir de Klima ze streiken, an de Premierminister sech dorobberhi mat enger Schülerdelegatioun zesummegesat huet, huet d'CNEL véier regional Echangen (ClimateXchange) organiséiert, wou och dräi zoustänneg Ministeren (Educatioun, Ëmwelt a Landwirtschaft) vun der Regierung komm sinn, fir nozelauschteren.
D'Cnel huet sech an der Covid-19 Zäit vill Gedanke gemaach an huet sech fir d'Froen, d' Suergen an d'Interesse vun de Schüler agesat. D'Versammlungen déi ëmmer physesch statt fonnt hunn konnten ab Mäerz nëmmen nach digital gehale ginn. Am ganze si 4 Avise geschriwwe ginn an et huet ee mam Educatiounsministère de Dialog gesicht.
D'CNEL huet ënnert anerem Campagne #act4support zesumme mam CEPAS an anere Jugendorganisatiounen an d'Liewe geruff an huet eng Ausstellung erstallt "Mental Gesondheet aus der Sicht vun de Schüler".