CNEL-NEWS
CNEL goes Studentefoire!
Den 9. an 10. November 2016 ass déi 30. Studentefoire um Kierchbierg an der Luxexpo ugesot! Och d'CNEL ass dëst Joer erëm präsent... awer dëst kéier mat sengem eege Stand op der Platz 3C05. Kommt also laanscht, diskutéiert mat eis a maacht bei eisem Fotosconcours mat!...
read moreD’CNEL huet sech fir 1re an 13e Schüler agesat!
An der Woch vum 19. September huet sech op Facebook ee Grupp gebilt, wou 1ere an 13ieme Schüler sech iwwer de Planning vun de “Premièresexamen” opgereegt hunn. D‘Ziel vun dëser Grupp war et, datt de Planning vun den Exame soll verännert ginn! An der selwechter Woch...
read moreBichermaart 2016 … alt erëm gutt besicht!
Et war nach keng 10:30 Auer a scho war d'Plëss komplett besat mat motivéierte Schüler a Schülerinnen, déi hier Schoulbicher verkafen a kafe wollten. Eng Ronn 180 Jonk hunn de Wee op de Bichermaart fonnt, deen den Donneschdeg 15. September op der Place d'Armes...
read moreDer CNEL 2015/16 ee grousse Merci fir dat flott Joer!
Virun der Summerpaus ass et emmer ee gudde Moment fir ee klenge Réckléck vun dem ganze Joer ze maachen! Et war een ustrengend an erfollegraicht Schouljoer an der CNEL. D'Vertrieder aus de Schülercomitéen hunn sech iwwert Joer: - 8 mol als Plenière getraff, - hunn 3...
read moreCNEL meets Minister Meisch
Den 11. Mee 2016 huet eng Entrevue tëschent der CNEL, der Jugendkonferenz (CGJL) an dem Educatiounsminister Claude Meisch stattfonnt! Als Erennerung, seit Mëtt 2014 huet d'Jugendkonferenz (CGJL) den Optrag vum Ministär kritt, sech ëm d'Begleedung vun der CNEL ze...
read moreWeekend CNEL 2016
Den 23. a 24. Abrëll hat d'CNEL hiren éischten Aarbechtsweekend. D'Themen déi während dësem Weekend opgeschafft goufe waren : 1) De Reglement Interne vun der CNEL, 2) eng besser Kommunikatioun tëschent Schülercomitéen an der CNEL a 3) Prioritéite vun der CNEL 2016/17....
read moreKontakt
What's Next? 🙂
D’CNEL wënscht iech all eng schéi Vakanz, no der Rentrée geet et rëm lass!
De Wee fir bis bei d'CNEL
D’CNEL ass an der Maison de la Jeunesse zu Bouneweeg, net wäit vum LTB. Dir kommt an 10 Minutten ze Fouss vun der Gare aus bis heihinner, oder mam Bus wou dir entweder vun der Gare aus op den Arrêt Neufchateau fuert: 144, 170, 172, 192, 194, 195 oder op de Rotonden den 29, 27 huelt, oder op der Paräisser Plaz den 3 oder den 30 huelt (bei deem musst der dann beim LTB rausklammen).
D’Entrée ass am Bannenhaff an d’CNEL befënnt sech um 2. Stack beim Jugendrot.
D'CNEL sicht dech!
Du bass motivéiert deng Schoul matzegestalten? Du setz dech gär fir deng Matschüler an? Du sammels gär nei Erfahrungen a wëlls deng Meenung soen? Du iwwerhëls gär méi Verantwortung?
👉 Da bass DU genee dee Richtegen fir an de Schülercomité!
Informéier dech op dëst Joer Walen an denger Schoul stattfannen a maach mat! All 2 Joer si Walen fir de Schülercomité an all Lycée zu Lëtzebuerg. Kandidate sinn emmer wëllkomm, an et ass nie ze fréi fir sech fir sech selwer an aanerer anzesetzen!
Wiel och du mat däi Comité oder setz dech selwer op fir matzemaachen – de Schülercomité vertrëtt d’Interête vu sénge Schüler bei der Schoul an awer och op nationalem Niveau duerch d’CNEL.
CNEL – de “nationale” Schülercomité
Vun all Schülercomité ginn 2 Memberen deleguéiert fir an déi national Schülerkonferenz ze kommen.
Op reegelméissege Réunioune gi Positiounen ausgeschafft zu Themen op nationalem Niveau. Och gi reegelméisseg Formatiounen organiséiert fir Membere vu Schülercomitéën ze stärken!
D’National Schülerkonferenz zielt op dech fir d’Stëmm vun de Schüler nach méi staark ze maan. 💪
