Am Kader vun ärer Missioun als Klassendélégéierten, als Schülercomité oder als CNEList geet och oft drëm gutt informéiert ze sinn, an dat och eventuell kënne weider ze ginn. Hei drënner fannt dir eng Oplëschtung vun Servicer déi iech an ärem Alldag hëllefe kënne mat jeweils engem kuerzen Descriptif.
Generell Informatiounen
- CIJ www.cij.lu | +352 2629 3200
- PIJ facebook.com/pijesch | +352 2754 8056 +352 691 882 570
Noutsituatiounen
- SOS Détresse www.454545.lu +352 454545
- Kannerjugendtelefon www.kjt.lu +352 116 111
- Elterentelefon www.kjt.lu/fr/parents/ecoute-parents +352 2664 0555
Beim Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS) a Service psycho-social et d’accompagnement scolaires (SePAS) hudd dir eng Plaz wou dir iech och melle kennt oder einfach laanscht goe kënnt. Do schaffe generell Educateuren a Pyschologen déi iech a schwéieren Zäiten zur Säit kenne stoen.
- CePAS www.cepas.public.lu +352 2477 5910
D’Ligue Médico Sociale proposéiert ee Service d’information et de conseil en matière de surendettement wou der iech melle kennt wann dir finanziell an eng schlecht Situatioun gefall sidd. Si wësse generell iwwer Alles Bescheed a kennen iech och weidervermëttelen.
- Surendettement www.ligue.lu +352 488 333-300
De Refuge Péitrusshaus ass en Noutfallservice, dee Begleedung an Ënnerstëtzung fir Mannerjäreger a jonk Volljäreger bis 21 Joer a Krisesituatiounen ubitt. Déi Jonk kenne 24/24St a 7/7D op dëse Service zréckgräifen. Eng interdisziplinär Equipe ass iwwert eng gratis HOTLINE mat der Nummer 8002 6002 oder sur Place um Boulevard de la Pétrusse, Hausnummer 43, Lëtzebuerg-Gare, ze erreechen. Hier sozial Mataarbechter lauschteren de Jonken an Nout no a gi Rotschléi. D’Zil ass et an éischter Linn d’Krisesituatioun beim Jonken a sengem Entourage ze berouegen, fir uschléissend verschidde Léisungsweeër ze fannen.
- Péitrusshaus www.peitrusshaus.lu +352 8002 6002
Office National de l’Enfance
Office Social
Drogen a Sucht
De Service Fro No vum Centre de Prévention des Toxicomanies (CEPT) bidd Informatioun zu Drogen an zu Plazen déi bei Sucht kënne weiderhëllefen. Per Telefon kënnt dir och beroode ginn, fir bei dee richtegen Service ze kommen deen iech dann och ka weiderhëllefen. D’Alcool Médicaments Addiction AMA.lu asbl proposéiert ähnlech Hëllefen. Wichteg ze wëssen ass dëss Servicer net nëmme fir di Persoune sinn déi d’Substanz consomméieren, mee och fir Leit aus dem Emfeld déi Hëllef brauchen.
- CEPT – Fro No www.cept.lu +352 49 77 77 -55 frono@cept.lu
- AMA.lu asbl www.ama.lu +352 2678 2858
Impuls
Internet
Zu allen Themen “online” fannt dir Informatiounen an Hëllef bei BEE SECURE. Dir kënnt och iwwert d’Stopline online eppes mellen wou dir net dermadden averstaane sidd.
- Bee Secure www.bee-secure.lu +352 8002 1234
- Stopline www.stopline.lu
Sexualitéit & Gesondheet
De Planning Familial hëlleft jidderengem deen et brauch a wëll duerch Beroodungen an duerch medezinesch Ennerstëtzung. Hier ganz Equipe ass un de secret médical gebonnen!
- Planning Familial www.planning.lu
De Centre d’Information GAy et LEsbien asbl (CIGALE) riicht sech un homosexuell, bisexuell mä och heterosexuell Leit déi zu iergendengem Zäitpunkt vun hirem Liewen eng Ënnerstëtzung brauchen am Zesummenhang mat hirer sexueller Identitéit oder Orientatioun. Hieren Zentrum ass awer net nëmmen als renge Berodungszenter ze verstoe mä virun allem och als geschützte Raum fir Leit déi hir Homosexualitéit aus wéiengem Grond och ëmmer (nach) nët kënnen oder wëllen öffentlech ausliewen. Op alle Fall ass hieren Zentrum op fir all Mënsch deen um Thema intresséiert ass an Informatiounen heizou sicht. Sie bidde nët nëmmen allgemeng Informatioun an eng individuell sozialpädagogesch Begleedung un, mä fir déi ënner 25-Jähreg fonktionnéiere sie och eemol d’Woch wéi e Jugendhaus.
- CIGALE www.cigale.lu +352 2619 0018
Bei der HIV Beroodung ass nierwt dem medezineschen Aspekt vum Testen vun AIDS an aner ustiechenden sexuell iwwerdrobare Krankheeten, och d’Informatioun, Beroodung a psychologesch Ennerstetzung ee wichtegen Aspekt.
- HIV Berodung www.croix-rouge.lu/hivberodung +352 2755 4500
Bei Intersex an transgender Froen ass d’Intersex & Transgender Luxembourg eng gutt éischt Ulaafstell.
- Intersex & Transgender Luxembourg www.itgl.lu
Rechter
Den Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand (ORK) setzt sech a fir d’Rechter vum Kand (a Jonken), a bidd Gespréicher a Beroodung. Den ORK ass eng neutral Kontaktplaatz déi d’international Kannerrechtskonventioun bekannt mecht an op déi korrekt Uwendung uecht. All Kand op der Welt huet déi selwecht Rechter. Jidderee soll seng Rechter kennen, fir drop ze uechten datt se respektéiert ginn an datt jiddwer Kand nogelauschtert gëtt.
- ORK www.ork.lu +352 26 123 124
De Centre pour l’Egalité de Traitement (CET) übt seng Aufgabe ganz onofhängeg aus a säin Ziel ass d’Promotioun, d’Analys an d’Iwwerwaachung vun der Gläichbehandlung tëschent Persounen, ouni Diskriminatioun op Grond vun der Rass oder der ethnescher Hierkonft, vum Geschlecht, vun der sexueller Orientéierung, vun der Relioun oder den Iwwerzeegungen, vun engem Handicap a vum Alter.
- CET www.cet.lu +352 2648 3033
D’Mobbing asbl ass engersäits eng Hëllefstell fir Persounen déi sech (virun allem am beruffleche Feld) gemobbt fillen, mee anerersäits och ee potenzielle Partner fir Mobbingaffer déi Bereed sinn, hier Interessie viru Geriicht ze verteidegen. D’Mobbing asbl probéiert natierlech ze médiéieren ier et dozou kënnt.
- Mobbing asbl www.mobbingasbl.lu +352 2837 1212
- Centre de Mediation asbl www.mediation.lu +352 27 48 34 1
Studien & Orientéieren
- Centre de Documentation et d’Information sur l’Enseignement Supérieur (CEDIES) www.cedies.public.lu +352 2478 8650
- Maison de l’Orientation portal.education.lu/mo +352 8002 8181
Schaffen
- Antenne locale pour jeunes (ALJ) www.alj.lu
- Agence pour le développement de l’emploi (ADEM) adem.public.lu +352 2478 8888
Gewalt
- Riicht eraus www.croix-rouge.lu/en/riichteraus +352 2755
- Phoenix asbl phoenixasbl.vpweb.de +352 621 493475
- Service d’Assistance aux Victimes Domestiques fed.lu/wp/services/savvd +352 2648 1862
- VIvre SAns VIolence: Service d’information et de consultation pour femmes (VISAVI) fed.lu/wp/services/visavi +352 2648 2682
Benevolat & Politesch Participatioun
- Agence du Bénévolat benevolat.public.lu +352 26 12 101
- Conférence Générale de la Jeunesse du Luxembourg (CGJL) www.cgjl.lu +352 40 60 90
- Jugendparlament www.jugendparlament.lu +352 40 60 90 332
Zéckt net eis hei ze kontaktéieren a weider nëtzlech Adressen ze froen!