Bureau exécutif CNEL

De Bureau Exekutiv vun der CNEL gëtt all zwee Joer gewielt. E spillt eng zentral Roll an der Aarbecht vun der CNEL. Dem Bureau seng Haaptaufgabe bestinn doran, d’CNEL-Versammlungen ze plangen an ze leeden, d’Stëmm vun de Schüler ze vertrieden an eng aktiv Bréck tëscht de Lycéesschüler an de wichtegste Partner am Educatiounsberäich ze schafen. Duerch reegelméissegen Austausch mam Ministère, Politiker, Partnerorganisatiounen an och de Medie setzt de Bureau sech dofir an, dass d’Stëmm vun de Schüler gehéiert gëtt.

Am ganze gi 5 Poste gewielt, et huet een awer och Méiglechkeet als Member vum Bureau ouni Wal mat ze schaffen an esou seng éischt Erfarungen ze sammelen.

An der Rentrée 2025 ass de Poste Sekretär fräi ginn, dofir sinn de 27. November Walen organiséiert ginn. D’CNEL gratuléiert dem Joël Lemvoka Ndosimau aus dem LTC fir seng Wal an heescht e wëllkomm am Team!

De Bureau setzt sech fir 2025-2026 follgend zesummen:

  • Präsident: Luca Roettgers (Lycée Edward SteichenClervaux)
  • Vize-Präsident: Dan Ipatii (Lycée de Garçons Luxembourg)
  • Vize-Präsident: Semir Honsic (Atert Lycée Rédange)
  • Sekretär: Joël Lemvoka Ndosimau (Lycée Technique du Centre)
  • Sekretär: Liam Ferron (École Privée Fieldgen)

 

  • Memberen: Afonso Sebastião Oliveira (BLL), Marc Bodé (LCE), Lorena Salvaggio (LTEtt), Alessio Paciotti (ECG), Tim Kraus (ALR), Alex Lipps (LAM) an Antoine Zabé (LAML)

 

Den 10. Dezember 2024 hu Lycéesvertrieder aus iwwert 30 Lycéeën de néie Bureau Exécutif vun der CNEL gewielt.

D’CNEL gratuléiert dem Luca Roettgers, Schüler aus dem LESC, fir säi Posten als neie President vun der CNEL, hien a léist domat den Dany Semedo of. Mat him am Bureau sinn den Dan Ipatii (LGL) an de Semir Honsci (ALR) als Vizepresidenten, de Liam Ferron (EPF) an d’Juliette Himme (EIDE) als Sekretären. Si ginn heibäi tatkräfteg vu weidere Memberen a Premièresschüler ënnerstëtzt.

 Mir freeën eis op zwee spannend Joer mat hinnen!

Dem ale Bureau soe mir villmools Merci fir hir super an erfollegräich Aarbecht vun deene leschten 2 Joer, d’CNEL wäert iech vermëssen a mir wënschen iech alles Guddes op ärem weidere Wee!

D’CNEL kann elo an hiert néit Mandat starten!

 

  • Président : Luca Roettgers (Lycée Edward Steichen Clervaux)
  • Vice-Président : Dan Ipatii (Lycée de Garçons Luxembourg)
  • Vice-Président : Semir Honsic (Atert Lycée Rédange)
  • Secrétaire : Juliette Himmen (École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette)
  • Secrétaire : Liam Ferron (École Privée Fieldgen)
  • Coopté Premier : Leslie Bodé (Lycée des Arts et Métiers)
  • Coopté Premier : Timothy O’Brien (Lycée des Arts et Métiers)
  • Membre Bureau : Afonso Sebastião Oliveira (Lycée Technique Bonnevoie)
  • Membre Bureau : Youri Weber (Lycée Edward Steichen Clervaux)
  • Membre Bureau : Yann Marques Vieira (Lycée de Garçons Esch-sur-Alzette)

Mir wënschen dem néie Bureau vill Freed an Erfolleg an hiren néie Missiounen!  

Dir wëllt si gäre kontaktéieren? Schéckt eng Mail op info@cnel.lu

 

 

 

📍Hei fannt dir eis al Büroen a seng Memberen  😎

BE 2014-2015

VIRSTAND VUN DER CNEL 2014-15 Den 2. Oktober hat d’CNEL seng éischt Versammlung fir d’Schouljoer 2014-15! De Bureau vun der CNEL huet missen deelweis neigewielt ginn, nodeems puer Membere bei der CNEL opgehal haten. Esou gesäit de neie Virstand vun der CNEL fir...

BE 2013-2014

Laang wollt CNEL méi onofhängeg ginn, dofir hunn sech puer CNEListen zesummegedoen an hunn sech Gedanken gemaach dass CNEL en eegenen Büro Exekutiv brauch fir méi besser an koordinéiert ze schaffen. Dëst ass och an en ger CNELs-Versammlung virgestallt an vun de...