RTL: Nom PISA-Schock 2.0Wat soen d’Lycéesdirektiounen an déi Jonk zu de schlechte Resultater?

CNEL: Verschäerfung vun Handyverbuet gëtt Problemer net gerecht

Datt den Educatiounsminister Claude Meisch elo no der Presentatioun vun der neister PISA-Etüd als eenzeg direkt Konsequenz annoncéiert huet, datt dat aktuellt Handyverbuet am Lycée bis 5e verschäerft soll ginn, wier sech d’Saach awer ze einfach gemaach, fënnt d’CNEL.

Duerch Smartphone a KI wier de Risiko immens grouss, datt kritescht Denke verluer goen, seet de Semir Honsic. Amplaz de Jonken einfach den Handy an der Schoul méi ewechzehuelen an den Ipad ze verdäiwelen, misst een also do den Hiewel usetzen:

Eng geziilt Mediekompetenz entwéckelen. Datt een d’Schüler drop virbereet, wéi se mat Medien, mat Geräter schaffen. An e geziilte Kader fir KI schafen, fir eben net dee kognitiven Downfall ze hunn.

 

Lies de ganzen Artikel hei:

https://www.rtl.lu/news/national/wat-soen-dei-jonk-an-dlyceesdirektiounen-zu-de-schlechte-resultater-1818290214