Dréngenden Handlungsbedarf beim Snus Konsum (Nicotin Pouches) vu Jugendlechen

📢 Eng nei Gefor fir eis Gesondheet?

D’CNEL ass alarméiert: ëmmer méi Schüler benotze Snus* (Nikotin Pouches) 😟

An eiser landeswäiter Ëmfro, un där iwwer 1.000 Schüler deelgeholl hunn, hu 21 % gesot, datt si Snus schonn eemol oder reegelméisseg konsuméieren.

Mir ruffen d’Politik op, elo ze handelen:

⚠️ de Projet de Loi 8333 soll endlech gestëmmt ginn

🚫 Verkaf u Mannerjäreger muss besser kontrolléiert ginn

📚 Méi Opklärung a Präventioun an de Schoulen ass néideg

👉 Mir wëllen, datt Jonker informéiert, geschützt a gestäerkt ginn, fir gesond Entscheedungen ze treffen.

🔗 De ganze Communiqué fannt dir hei: AVISSNUSFINAL16102025s

*Analyse vun der Ëmfro iwwer Snus bei Schüler a Lëtzebuerger Lycéeën

Mir hunn an eiser Ëmfro bewosst de Begrëff „Snus“ benotzt, well de korrekte Begrëff „Nicotin-Pouches“ bei de Schüler net verbreet ass an si am Alldag ëmmer vun „Snus“ schwätzen.

D’Ëmfro ass vum Mee 2025 bis Mëtt Juli 2025 iwwert en Online-Formular gelaf an huet sech u Schüler adresséiert.

Demographesch Donnéeën

  • Am Ganzen hunn 1017 Schüler aus Lëtzebuerg matgemaach.
  • Alter: Déi meescht Befroten si 15–17 Joer al (49 %), 27 % si méi jonk (12–14), a 24 % sinn 18+.
  • Enseignement: 39 % sinn am Secondaire général, 31 % am Secondaire classique, 20 % am internationale System a 5 % an der Formation professionnelle oder am Préparatoire.