Avis vun der CNEL iwwert Snus (Nicotin Pouches)
Wéinst dem steigende Konsum vu sougenannte Snus (Nicotin Pouches) an de Schoulen huet d’Conférence nationale des élèves du Luxembourg (CNEL) decidéiert, en offiziellen Avis auszeschaffen.
Als national Schülervertriedung gesäit d’CNEL et als hir Verantwortung un, d’Stëmm vun der Schülerschaft zu Lëtzebuerg an de gesellschaftlechen a politeschen Debat eranzebréngen, besonnesch bei Themen, déi en direkten Afloss op d’Gesondheet an d’Wuelbefanne vun der jonker Generatioun hunn.
Am Kader vum Projet de loi 8333, deen ënnert anerem d’Reglementatioun vun dëse Produite betrëfft, gouf den Avis och un déi zoustänneg Instanze weidergeleet.
👉 Den Avis kann hei nogelies ginn: AvisCNELSnusfinal
D’CNEL hofft, dass dësen Avis bei den zoustännegen Autoritéite Gehéier fënnt an an d’Decisiounsprozesser mat agebonn gëtt.