Am Kloertext gouf diskutéiert, ob d’Schoul soll virop Wësse vermëttelen, wat alles derzou gehéiert an ob et nach Theme ginn, déi een ausklammere kann.
Wat soll oder muss d’Schoul de Kanner a Jonke bäibréngen? Ënnert anerem ëm déi Fro goung et am Kloertext op der Tëlee.
Kuckt der hei de Kloertext u mam Dany Semedo (President National Schülerkonferenz CNEL):
https://www.rtl.lu/tele/kloertext/a/2230951.html
Den Dany Semedo ass President vun der CNEL, der nationaler Schülerkonferenz. Fir hien ass et wichteg, datt d’Schoul keng Welt fir sech ass an datt se de Kanner a Jonken Wäerter mat op de Wee gëtt. Stéchwuert Respekt vun de Mënscherechter, Toleranz, Inclusioun a kritescht Denken. Donieft géifen Doheem och Saache gezielt ginn, déi falsch wieren.
“Et gi ganz vill Kanner, Schüler, déi an d’Klass komme mat homophoben, rassistesch oder sexistesche Gedanken, déi vun Doheem aus kommen a grad an der Schoul ass et da wichteg, iwwert déi Saachen ze schwätzen, well d’Elteren hunn net ëmmer Recht.”
Genee aus deem Grond, seet de President vun der nationaler Schülerkonferenz, wier et wichteg, datt d’Schoul eng Plaz ass, wou iwwer alles oppe ka geschwat ginn.