+352406090333 info@cnel.lu
D’CNEL ass frou iech matdeelen ze kennen, dass si hiren traditionellen Bichermaart nees organiséieren, no 2 Joer Paus an mat engem néien Numm: 👉 Bichermaart goes Jugendmaart👈
 
Save the date: Samschdes, de 10. September op der Plëss an der Staat 😁🤩
 
Wat erwaart dech do?
 
❗️Du bass Schüler/in?
❗️Du hues al Schoulbicher déi’s du verkafen wëlls?
❗️Du hues Schoulmaterial wat’s du verkafen wëlls?
❗️Däi Kleederschaf leeft iwwer an du hues Kleeder déi’s du verkafen wëlls?
❗️Du wëlls dech mat aneren Schüler austauschen?
❗️Du wëlls verschidden Jugendservicer besser kennen léieren?
 
Ma da komm den 10. September op de 👉 Bichermaart goes Jugendmaart 👈.
D’CNEL gëtt dir do Méiglechkeet e Verkafsstand ze hunn, wou’s du deng Second Hand Bicher, Kleeder asw. kanns verkafen. Dobäi kanns du dech mat der CNEL iwwert Schülercomitéen, mental Gesondheet an Nohaltegkeet austauschen. Mat dobäi sinn puer Jugendassociatiounen fir iech méi no ze bréngen. (Méi spéit kommen Detailer wien dobäi ass, stay tuned 🤗)
 
Et fänkt Moies um 11h un a geet bis 17h, an dat ganz op Plëss an der Staat.
Fir e Stand ze hunn kann een sech am Viraus umellen, fir sécher ze sinn eng Platz ze hunn, et kann een awer och spontan laanscht kommen dee Dag, soulaang genuch Platz ass. Fir däi Stand unzemellen klick hei: https://www.jugendrot.lu/bichermaartgoesjugendmaart/
 
Nach Froen? 🤗 👉 info@cnel.lu
 
Mee firwat soll ech mir Secondhandbicher zouleeë wann d’Schoulbicher souwisou gratis sinn oder Second Hand am allgemengen? 🤔
 
Ganz einfach!
💚💚💚
• Second Hand verschount eis Ëmwelt, eis Ressourcen an eist Klima
• Second Hand verhënnert Verpackungen an Dreck
• Et ass en Statement géint eis Ewechwerfgesellschaft
• Et léiert een seng Saachen méi ze schätzen
• D’Bicher bréngen eng Geschicht mat sech
• Et mécht Spaass op der „Juegd“ ze sinn fir dat richteg ze fannen
• Fir all obligatoresch Buch, dats du net nei brauchs, kriss du e Bong fir aner Bicher am Wäert vu 50% vum Buchpräis: Dat gëtt dir Méiglechkeet zum Beispill en néit Liblingsbuch ze fannen oder net obligatoresch Schoulbicher ze kafen (méi Info op www.mybooks.lu)
 
D’CNEL seet der Ville de Luxembourg Merci fir hir Ënnerstëtzung!