Wellbeing – Paroles aux jeunes

Am Kader vum Projet Wellbeing vun de Rotonde an dem Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (MENJE), ass d’CNEL gefrot ginn en Deel vun der Expo bäizedroen. Mat dëser Ausstellung wollten d’Schüler Jonker mee och d’Erwuessener areechen an hinnen en Abléck gi wei d’Schüler Thema Mental Gesondheet gesinn, wéi si sech a verschiddene Situatioune fillen a wat Konsequenze kenne sinn, Tipps a positiv Messagë souwéi hir Fuerderungen un d’Politik hunn och eng Platz fonnt an dëser Ausstellung.

D’Ausstellung kann een sech och um City Rallye ukucken deen am Moment leeft.

Mir soen der Direction générale du secteur de la jeunesse Merci fir des Opportunitéit an all CNEList deen sech doru bedeelegt huet 😃👍 #mentalgesondheet #dubassneteleng#act4support