+352406090333 info@cnel.lu

❌ Dëst Joer gëtt et leider kee Bichermaart 2020 organiséiert vun der CNEL mat der Ënnerstëtzung vun der Ville de Luxembourg wéinst der aktueller Covid-19 Situatioun ❌

❓Du wëlls dëst Joer awer net drop verzichten dir Secondhandschoulbicher zouzeleeën❓
💡 Schreif däi Schülercomité un oder wann’s du am Schülercomité bass, kuckt op et méiglech ass an ärem Lycée e klenge Bichermaart ze organiséieren oder en Schoulbichertauschschaf op Been ze bréngen! (natierlech mat den néidegen Hygiènesmesuren) Oder frot bei der Famill a Koleegen no! Fir Froen oder Hëllef zéck net iech bei der CNEL ze mëllen: info@cnel.lu 💡
Mee firwat soll ech mir Secondhandbicher zouleeë wann d’Schoulbicher souwisou gratis sinn? 🤔
Ganz einfach! 💚🌳📖
• Second Hand verschount eis Ëmwelt, eis Ressourcen an eist Klima
• Second Hand verhënnert Verpackungen an Dreck
• Et ass en Statement géint eis Ewechwerfgesellschaft
• Et léiert een seng Saachen méi ze schätzen
• D’Bicher bréngen eng Geschicht mat sech
• Et mécht Spaass op der „Juegd“ ze sinn fir dat richteg ze fannen
• Fir all obligatoresch Buch, dats du net nei brauchs, kriss du e Bong fir aner Bicher am Wäert vu 50% vum Buchpräis: Dat gëtt dir Méiglechkeet zum Beispill en néit Liblingsbuch ze fannen oder net obligatoresch Schoulbicher ze kafen (méi Info op www.mybooks.lu) 😁