De Maart fir Bicher a Schoulmaterial

“De Maart fir Bicher a Schoulmaterial” –

Bicher, Bicker a Linealer

Schachtel, Hefter a Bläistëfter.

Alles wat mat Schoul ze dinn huet,

kënnt dir deen Dag un aner Leit weider ginn!

 

De 15. September 2018 vu 11 bis 17 Auer op der „Place d’Armes“ an der Staat!

Besich eis och op Facebook! Klick hei!

„De Maart fir Bicher a Schoulmaterial“ ass fir d’Schüler geduecht, d.h. et soll ëmmer mindestens ee Schüler pro Stand sinn!

 Wéi? Wat? Wou?          

  1. Muss ech mech am viraus umellen? Nee, komm de 15. September einfach direkt op d‘Plëss a lee lass!
  2. Wéi vill kascht dat? Näischt, et ass gratis!
  3. Wéi leeft dat of? Komm dohinn, schréiw dech an, huel dir een Dësch an ee Stull a leeë lass! D’ass ganz onkomplizéiert!
  4. A bei schlechtem Wieder? Mir hunn Zelter déi mer bei Bedarf kennen opriichten! Natierlech déi éischt si fir!
  5. Fir wéi vill däerf ech meng Saachen verkafen? Dat hänkt nëmme vun dir of!
  6. Wat muss ech maache wann „DE Maart fir Bicher a Schoulmaterial“ fäerdeg ass? Raum déi Saachen an, déi du während dem Dag net verkaaft krus a bréng eis däin Dësch an däi Stull zeréck!
  7. Ween organiséiert de “De Maart fir Bicher a Schoulmaterial”? Eemol méi ass et d’CNEL an de Service Jeunesse vun der Ville de Luxembourg.

Denkt drun: Jidderee vun Iech ass zoustänneg fir säin eegene Stand a seng Saachen, d.h. maacht Iech am viraus Gedanke wéi vill är Bicher an aner Schoulmaterial soll kaschten a bréngt och Etiquetten, Post’iten, …etc mat fir d’Präisser vun de Saachen drop ze schreiwen!

–> Eng lescht Saach, mir hunn zwar Dëscher, Still an Zelter organiséiert, mä déi éischt si fir, also falls dir bëssi méi spéit sollt kommen, bréngt virsiichtshallwer selwer eppes mat (eng Decken oder ee Plastik) fir dat dir äre Material net direkt musst um Buede verkafen!

Besich eis och op Facebook! Klick hei!