+352406090333 info@cnel.lu

De Schluss vum Joer ass awer och de Moment fir ee Bilan vun der Aarbecht vun der CNEL ze zéien.

Am ganzen huet d’CNEL 2017-18 folgend Rendez-vous gehat:

Sëtzungen

  • 8x CNEL Sëtzungen
  • 12x Virstandsëtzungen,
  • 3x Aarbeschtsgruppen (Kommunikatioun, Vieso, 1t Hëllef)
  • 4x Journée’en des comités d’élèves
  • 1x Weekend CNEL

Entrevue’en

  • 1 x mam Minister Meisch
  • 1x mat der Jugendkonferenz (CGJL)

Avis

D’CNEL huet och säin Avis zur der Reform am Enseignement Secondaire General (ESG)

–> Klickt hei fir den Avis duerch ze liesen

Zesummenaarbecht mat Partner

  • 1x Aloyse Trausch – MENJE zum Thema ESG
  • 1x Antoinette Thill- Rollinger – CEPAS zum Thema Selbstmord bei Jonker
  • 2x Réseau vun de Begleeder mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)
  • 5x Aarbechtsgroup « Schoulparticipatioun » mam MENJE

Activitéiten

  • Bichermaart 2017 (15. september 2017)
  • Studentefoire (9+10. November 2018)
  • Table ronde am LNBD iwwert „Mee 68“ (5. Januar 2018)
  • Dag vun der politescher Bildung (31. Mee 2018)
  • Future Youthfestival (6. Juli 2018)

 

Ausserdeem sinn d’Membere vun der CNEL a folgend Gremien vertrueden:

  • Conseil Supérieur de l’Education Nationale (CSEN)
  • Conseil Superieur de la Jeunesse (CSJ)
  • Dialogue Structuré (DS)
  • Commission de recours
  • Forum orientation

An zu gudder lescht, huet d’CNEL dëst Joer d‘Spill „Be the hero of your own School- the challenge“ lancéiert! Dëst Spill huet als Ziel, d’Schülercomitéen ze ënnerstëtze bei der Organisatioun vu bestëmmten Aktivitéiten, esou dass eng méi grouss Koordinatioun vun der Aarbecht vun de Schülercomitéë kann entstoen! 2017 huet d’CNEL eng Test-Phase gemaach, mä am nächste Schouljoer (2018/19) soll de Spill d’ganz Joer lafen!

(D’Gewënner vun eisem Spill : EPF, LHCE, LTA)

Eemol méi hunn d’Membere vun der CNEL 2017/18 ee flott an intensiven d’Joer hanner sech gelooss!

Dir kennt d’Fotoe vun all den Aktivitéite vun der CNEL op eiser Facebook Säit verfollegen!

–> D’CNEL seet senge Memberen ee grousse MERCI fir déi intensiv Aarbecht a freet sech op ee weidert erfollegräicht CNEL Joer!

Fir d’Rentrée 2018/19 wäert d’CNEL och eng néi Coordinatrice kréien ! No 4 Joer verléisst d’Tania Matias säi Posten als Begleederin vun der CNEL a seet all de Partner an haaptsächlech all de CNEL Membere vun de leschte 4 Joer ee ganz grousse MERCI fir déi flott an erfollegräich Zesummenaarbecht!