D’Summervakanz steet zwar virun der Dier, mä d’lëscht Woch hunn d’Schülercomitéesvertrieder sech nach Zäit geholl fir de Bilan vum Schouljoer 2016/17 ze maachen.
Am ganzen huet d’CNEL organiséiert:
- 8 CNEL Sëtzungen
- 9 BE Sëtzungen,
- 3 Aarbechtsgruppen (Kommunikatioun, Anti-mobbing, Première Examen)
- 4 Journée’en des comités d’élèves
- 2 Weekend CNEL
Ausserdeem hunn d’CNEL Vertrieder verschidden Entrevue’en duerchgefouert:
- 3 x mam Minister Meisch
- 6 x mat de politesche Parteien
- 1 x mat der FAPEL,
- 1x mat der Jugendkonferenz (CGJL)
D’CNEL Vertrieder hunn un folgend Aktivitéiten deelgeholl:
- Bichermaart 2016
- Foire de l’étudiant mat eisem Concours
- Visite CURIA
- 5 Infosessiounen iwwert Première Examen
Een aneren “highlight” dëst Joer war deen éischten internationalen Austausch, wou d’CNEL Vertrieder sech mat der “Bundesschülervertretung” vun Éisträich treffen an austausche konnten.
–> D’Haaptaarbecht vun der CNEL dëst Joer war awer natierlech d’Ausschaffe vum Avis zur “Lycéesreform”. Duerch dësen Avis war d’CNEL dëst Joer ganz vill an der Press präsent.
–> Der CNEL 2016/17 ee ganz grousse MERCI fir är gutt a vill Aarbecht a fir dat flott an erfollegräiche CNEL Joer!