Bichermaart 2016 … alt erëm gutt besicht!

Et war nach keng 10:30 Auer a scho war d’Plëss komplett besat mat motivéierte Schüler a Schülerinnen, déi hier Schoulbicher verkafen a kafe wollten.

Eng Ronn 180 Jonk hunn de Wee op de Bichermaart fonnt, deen den Donneschdeg 15. September op der Place d’Armes stattfonnt huet. Mat gudder Musek a gudder Stëmmung huet de Bichermaart ugefaangen. Et ass fir zweet dat d’Schülerkonferenz, CNEL mat der Ënnerstëtzung vum “Service jeunesse” vun der Ville de Luxembourg de Bichermaart organiséiert huet.

Nierwt den zahlreiche Schüler an Elteren, huet de Bichermaart Besuch vun direkt 3 Ministere kritt: de Staatsminister Xavier Bettel, den Educatiounsminister Claude Meisch an d’Familljeministesch Corinne Cahen.

D’CNEL freet sech datt esou vill Leit de Wee an d’Staat fonnt huet a seet och jidderengem Merci dat dësen Dag esou flott verlaf ass.

Op eng drëtt Editioun 2017 😉

Klickt hei fir d’ Foto’en ze kucken!