Der CNEL 2015/16 ee grousse Merci fir dat flott Joer!

Virun der Summerpaus ass et emmer ee gudde Moment fir ee klenge Réckléck vun dem ganze Joer ze maachen! Et war een ustrengend an erfollegraicht Schouljoer an der CNEL.

D’Vertrieder aus de Schülercomitéen hunn sech iwwert Joer:

– 8 mol als Plenière getraff,

– hunn 3 Aarbechtsgruppe gegrënnt

– waren am Abrëll ee Weekend zesummen

– hunn 4 regional “Journées des comités d’élèves” organiséiert a

– hunn 2 Kreativitéitsformatiounen organiséiert!

Vertrieder hunn de Bichermaart 2015 matorganiséiert, hunn un hirem interne Reglement geschafft an hunn ënnert anerem sech am Virfeld well mat der annoncéierter Schoulreform beschäftegt!

Guer net esou schlecht fir d’Schouljoer 2015/16!

A well sech engagéieren och heescht, dat een zesumme ka Spaass hunn, huet d’CNEL seng Vertrieder op ee flotten a relaxen Dag op de Stau invitéiert! Als klenge Merci hunn sech d’Vertrieder de 15. Juli an der “base Nautique” vum SNJ zu Leltz getraff, fir zesummen “sit on top” ze fueren!

Trotz manner guddem Wieder, war d’gutt Stëmmung um rendez-vous an esou konnt dëst Schouljoer richteg Ofschloss ginn!

MERCI un d’CNEL 2015/16!

Klickt hei fir d’ Foto’en ze kucken!