Bichermaart 2015 – Eng flott éischt kéier!

Iwwert 120 Schülerinnen a Schüler haten, trotz engem gro’en a vereente Moien, de Wee bis op de Bichermaart fonnt! Net nëmme Schüler aus de Stater Lycéeën, mä och Schüler aus dem Norden, dem Süden, dem Westen an dem Osten, sinn dem Opruff vun der CNEL nokomm.

Nieft den Elteren an de Schüler, déi op der Sich no engem “Schnäppchen” waren, konnt och eise Premier puer interessant Lecturë bei eis fannen.

Et war déi éischt kéier wou d’CNEL, am Kader vum “Bichermaart” mam Service Jeunesse vun der VDL zesumme geschaaft huet, mä mat grousser Warscheinlechkeet, wäerte mer dës Zesummenaarbecht an Zukunft weider féieren!

Klickt hei fir de Link zu de Fotoen!

Artikel am Tageblatt 16 sep 15