+352406090333 info@cnel.lu

 

Wëllkomm op eisem CNEL-Site!

CNEL-NEWS

CNEL goes international: European Pupils Nation (EPU)

CNEL goes international: European Pupils Nation (EPU) D’CNEL war nees international aktiv: Mir si vun der Schülerunion Österreich invitéiert gi fir d’EPU (European Pupils Union) bäizetrieden. An dem Kader si mir vum 14. Abrëll bis de 16. Abrëll op Wien geflunn. D’Laly...

read more

Bureau Exécutif 2022 – 2024

Bureau Exécutif 2022 – 2024 D'CNEL ass frou iech de néie Bureau virzestellen ze kennen! 🤩     De 7. Dezember war et nees souwäit am Fieldgen, d'Vertrieder vun de verschiddene Lycéeën aus dem Land sinn zesumme komm fir d'(No)-Wale vum Bureau exécutif vun der CNEL. Hire...

read more

Hei den Avis iwwert Premiersexamen déi d'CNEL Enn Oktober dem Educatiounsminister zoukomme gelooss huet. Wei dir am Avis gesitt, huet d'CNEL gefrot puer Deeg virun den Exame fräi ze kréien, net fir de Kalenner ze änneren, och wann si déi Entscheedung begréissen....

read more
Kontakt
Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg
87, route de Thionville 2611 Luxembourg

info@cnel.lu

+352 406090-333

@cnellux op Facebook Instagram

What's Next? 🙂
De Wee fir bis bei d'CNEL

D’CNEL ass an der Maison de la Jeunesse zu Bouneweeg, net wäit vum LTB. Dir kommt an 15 Minutten ze Fouss vun der Gare aus bis heihinner, oder mam Tram bis den Arrêt Lycée Bouneweg.

D’Entrée ass am Bannenhaff an d’CNEL befënnt sech um 2. Stack beim Jugendrot.

 

 

D'CNEL sicht dech!

Du bass motivéiert deng Schoul matzegestalten? Du setz dech gär fir deng Matschüler an?  Du sammels gär nei Erfahrungen a wëlls deng Meenung soen? Du iwwerhëls gär méi Verantwortung?

👉 Da bass DU genee dee Richtegen fir an de Schülercomité!

Informéier dech op dëst Joer Walen an denger Schoul stattfannen a maach mat! All 2 Joer si Walen fir de Schülercomité an all Lycée zu Lëtzebuerg. Kandidate sinn emmer wëllkomm, an et ass nie ze fréi fir  sech fir sech selwer an aanerer anzesetzen!

Wiel och du mat däi Comité oder setz dech selwer op fir matzemaachen – de Schülercomité vertrëtt d’Interête vu sénge Schüler bei der Schoul an awer och op nationalem Niveau duerch d’CNEL.

CNEL – de “nationale” Schülercomité

Vun all Schülercomité ginn 2 Memberen deleguéiert fir an déi national Schülerkonferenz ze kommen.

Op reegelméissege Réunioune gi Positiounen ausgeschafft zu Themen op nationalem Niveau. Och gi reegelméisseg Formatiounen organiséiert fir Membere vu Schülercomitéën ze stärken!

Feedback ass emmer erwënscht!

D’National Schülerkonferenz zielt op dech fir d’Stëmm vun de Schüler nach méi staark ze maan. 💪